Championnat de France D2 am ÄishockeyTornado Lëtzebuerg wënnt 5:3 géint Albatros Brest

RTL Lëtzebuerg
Am Äishockey huet Tornado Lëtzebuerg e Samschdeg an der Kockelscheier géint Albatros Brest gewonnen.

Tornado gewënnt virun 1.062 Spectateuren op der Kockelscheier géint den Tabellenzweeten Albatros Brest mat 5:3.

D’Lëtzebuerger bleiwen awer trotzdeem mat 18 Punkten op der 6. Tabelleplaz punktegläich mam 5. Evry-Viry, deen dann och den nächste Géigner vun de Spiller ëm den Trainer Christer Eriksson ass.

No dem Auswäertsmatch trieden d’Lëtzebuerger dann de 25. Januar erëm op der Kockelscheier géint Orléans un.

Back to Top
CIM LOGO