Den negativen Trend geet och op Kleeserchersdag doheem weider a sou mussen d’Lëtzebuerger sech op der Kockelscheier géint eng iwwerraschend staark Ekipp vu Rouen mat 2:5 geschloe ginn. Déi Laangzäitblesséiert Holodkovs souwéi den éischte Goalie Bodin feelen der Ekipp nach bis op d’mannst Mëtt Januar, wat fir den Trainer Eriksson den Ënnerscheed mécht zu der Leeschtung, déi een am Ufank vun der Saison konnt weisen.
Schonn no 10 Minutte louch ee mat 0:3 hannen. Och wann den agewiesselten Adrian Eriksson am Gol eng ganz staark Leeschtung gewisen huet a mat e puer spektakuläre Parade seng Ekipp erëm an de Match bruecht huet. Leider ass et net duergaangen an trotz engem ganz ausgeglachenen zweeten an drëtten Drëttel (1:1,0:1) huet sech den Tornado musse mat 2:5 geschloe ginn.
Den nächste Weekend gëtt fir den Tornado net méi einfach, well een an net emol 24 Stonnen zwee Auswäertsmatcher spille muss.
En Samschdeg trieden d’Lëtzebuerger, déi elo op der 7. Plaz leien um 19.30 Auer géint den Tabellesechste Phénix de Reims un, éier et weider op Paräis geet, wou et dann um 18.55 Auer op Bercy géint den Tabellenaachte Français Volants drëms geet, net an d’Playdown-Plazen ofzerutschen.