
Et ass eng schéin Traditioun, wann eemol d’Joer bei engem Match vun den Hershey Bears am Pennsylvania Zegdausende Petzien op den Terrain fléien, soubal d’Heemekipp aus der American Hockey League markéiert. Déi Kéier war et 2:55 Minutte virum Enn vum éischten Drëttel souwäit, wéi de Louie Belpedio den éischte Gol fir d’Bears schéisse konnt.
Déi Kéier goufe beim faméisen “Teddy Bear Toss” 81.796 Petzien agesammelt. D’Aktioun ass Deel vum Club senge karitativen Aktivitéiten. Domat ginn an der Ëmgéigend méi wéi 60 Organisatiounen ënnerstëtzt, fir bedierfteg Kanner mat deene Petzie frou ze maachen.
De Rekord vun 102.343 Teddye war d’lescht Joer opgestallt ginn. Am Ganze sinn zanter der éischter Editioun vun der léiwer Aktioun 2001 knapp 650.000 Plüschdéieren zesummekomm.

Nodeems déi sëllege Petzien endlech agesammelt waren, ass virun den 10.550 Spectateuren dunn och nach Äishockey gespillt ginn. Um Enn konnten d’Bears vun Hershey sech mat 5-2 géint d’Rockford Ice Hogs duerchsetzen.