Favoritten, Präisgeld, Ally PallyWie kann de Luke Littler op der Darts-WM klappen?

Sam Rickal
Vum 11. Dezember bis den 3. Januar gëtt déi 33. PDC-Weltmeeschterschaft am Norde vu London gespillt.
Photo by BEN STANSALL / AFP
Photo by BEN STANSALL / AFP
© BEN STANSALL / AFP

Fir déi éischte Kéier sinn 128 Spiller, dat heescht 32 Participantë méi wéi déi Jore virdrun, mat dobäi. Déi 40 Beschtplacéiert aus der Weltranglëscht, och genannt der “PDC Order of Merit”, sinn automatesch qualifizéiert. Déi weider Spiller hu sech iwwer dat gewonnent Präisgeld op Turnéieren, wéi och duerch Victoiren op regionalen Tournoie fir d’Weltmeeschterschaft qualifizéiert.

Gespillt gëtt an engem K.o.-System. An den éischten zwou Ronne gëtt am Modus “Best-of-5" gespillt. Duerno klëmmt dëse Modus, bis dann an der Finall am “Best-Of-13"-Modus de Weltmeeschter ermëttelt gëtt. De Gewënner kritt eng Millioun Pond, duebel souwuel wéi d’lescht Joer. Insgesamt gi fënnef Millioune Pond Präisgeld verspillt.

Favoritten: Luke vs. Luke?

Déi grouss Fro, déi sech stellt: kënnt et zum Remake vun der Finall 2024? Réng vum Turnéier-Bam hier wier dat méiglech. Deemools konnt sech de Luke Humphries d’WM-Kroun opsetzen. D’lescht Joer dogéint huet den elo 18 Joer ale Luke Littler dem Michael Van Gerwen keng Chance gelooss. Déi zwee “Luke’en” gehéieren zu den absolutten Top-Favoritten op den Titel. De Littler stoung quasi an all Finall vun all de groussen Turnéieren dëst Joer. Den Humphries konnt sech dogéint an der Premier League d’Schlussvictoire sécheren.

Een, deen een och ëmmer op der Rechnung muss hunn, ass de Michael Van Gerwen. Den 3-fache Weltmeeschter waart zanter 2019 op säin nächste WM-Titel. Den Hollänner ass déi lescht Joren awer net méi a Beschtform an huet wéinst private Problemer dëst Joer eng kuerz Paus gemaach. Ëm den Titel matspille wëllen och den Jonny Clayton an de Weltmeeschter vun 2021, de Gerwyn Price.

Fir déi éischte Kéier sinn och 5 Damme mat dobäi. Virun allem op d’Beau Greaves gëlt et opzepassen. Déi 21 Joer al Englännerin konnt sech op der Jugend-WM am Oktober géint de Luke Littler behaapten. An der Finall huet si sech géint den Gian van Veen misse geschloe ginn. Den 23 Joer alen Hollänner kéint deemno wéi och eng gutt Roll op dëser Weltmeeschterschaft spillen.

Donieft sinn awer och e puer Darts-Legenden nees mat dobäi. Mam Peter Wright, dem Gary Anderson an dem Raymond Van Barneveld hu sech och dräi x-fach Weltmeeschtere fir d’WM qualifizéiert, och wa si éischter Aussesäiterchancen op den Titel hunn. Mam Paul Lim ass och op en Neits den eelste Spiller vun der WM-Geschicht am Alexandre Palace mat dobäi.

Darts-WM bleift am Ally Pally

Déi lescht Jore gouf ëmmer rëm driwwer spekuléiert, datt d’PDC-Weltmeeschterschaft op enger anerer Plaz kéint organiséiert ginn. Ënner anerem Saudi-Arabien war am Gespréich. Virun e puer Deeg koum dunn d’Nouvell, datt Darts-WM bis 2031 weiderhin am Alexandra Palace, kuerz genannt “Ally Pally”, am Norde vu London bleift. D’"Professional Darts Corporation” (PDC) an d’Organisateure vum Alexandra Palace hu sech op eng Verlängerung vum Kontrakt gëeenegt.

Vum nächste Joer u gëtt et trotzdeem e Changement. Fir d’Weltmeeschterschaft 2026/27 plënnert d’Darts-WM vun der “West Hall” an d’"Great Hall” vum Ally Pally. Bis ewell konnten 3.000 Spectateure pro Sessioun mat dobäi sinn. An déi méi grouss a moderniséiert “Great Hall” passe 5.000 Darts-Fans. Doduerch géing déi komplett Zuschauerzuel iwwer déi ganz WM ëm 70.000 Supporter op insgesamt 180.000 Spectateure beim Tournoi klammen. Zanter 2007 ass den Alexandra Palace d’Heemecht vun der Darts-WM.

Back to Top
CIM LOGO