SchwammsportZwee nei national Rekorder fir d'Emma Barthel bei de Swiss Open Championships

Tom Flammang
Bei de Swiss Open Championships am Schwamme konnt d'Emma Barthel de leschten Donneschdeg zwee nei national Rekorder etabléieren.
© RTL (Screenshot)

Déi 15 Joer al Schwëmmerin ass den 18. Dezember iwwer 400 Meter Quatre nages eng Zäit vu 4’55’’85 geschwommen an huet domat den ale Rekord vum Monique Olivier aus dem Joer 2015 (4’56’’99) ëm méi wéi eng Sekonn verbessert. Een Dag drop konnt si hiren eegenen nationale Rekord iwwer 200 Meter Brasse op 2’35’’34 verbesseren.

Hiren Trainer Christophe Audot weist sech ganz zefridde mat der aktueller Form vum Emma Barthel:

“D’Emma huet mat dësen zwou Performancen iwwerzeegt. Mir huet besonnesch d’Brasse an der Course vun de 400 Meter Quatre nages ganz gutt gefall. Lo gëtt et Zäit, fir vun de Feierdeeg ze profitéieren an dono dann déi nächst Ziler mat deem selwechten Asaz a seriö ze preparéieren.”

Back to Top
CIM LOGO