
Véier Mol war e Samschdeg e Lëtzebuerger am Asaz, woubäi zwee Mol een neien nationale Rekord opgestallt konnt ginn.
Den éischten neie Lëtzebuerger Rekord huet de Florian Frippiat op den 200 Meter Papillon opgestallt. Mat engem Chrono vun 1:56.89 Minutt huet hien déi al Beschtzäit vun 1:57.20 Minutt vum Raphaël Stacchiotti getoppt, ass a senger Manche domat awer nëmmen den 10. vun 10 Schwëmmer ginn.
Den zweeten neien nationale Rekord vum Dag ass der Lou Jominet gelongen. Op den 1.500 Meter Fräistil huet si hiren eegene Rekord vu 16:47.43 Minutten op 16:46.47 Minutte verbessert, koum an enger klenger Manche vun dräi Schwëmmerinnen awer och just op déi 3. Plaz.
Op de 50 Meter Brasse gouf et dann nach eng nei perséinlech Beschtzäit fir de Joao Carneiro, dee säi Chrono vu 27.51 Sekonnen op 27.46 Sekonne verbessert krut. A senger Manche ass hien domat op déi 9. Plaz vun 10 komm.
Den Iwwerbléck vun alle Lëtzebuerger Resultater fannt Dir um offizielle Site vun der Schwamm-EM.