Am SchwammenNational Rekorder fir de Florian Frippiat an de Rémi Fabiani

RTL Lëtzebuerg
Op der EM zu Lublin a Polen an zu Austin an Amerika verbessere Frippiat a Fabiani national Rekorder.
© François-Xavier MARIT / AFP

Europameeschterschaft am 25-Meter-Basseng am Schwammen zu Lublin a Polen.

De Florian Frippiat ass op der Europameeschterschaft am Schwammen iwwer 100 Meter Papillon een neien nationale Rekord geschwommen. En Donneschdeg konnt de Lëtzebuerger an enger Zäit vun 52"47 den ale Rekord vum Raphaël Stacchiotti aus dem Joer 2016 verbesseren (52"64). Mat dëser Zäit ass hien a senger Serie den 9. vun 10 Schwëmmer ginn a kënnt um Enn op déi 37. Plaz ënner 49 Schwëmmer.

Iwwer 200 Meter Brasse ass den Anton Fedoseev eng nei Lëtzebuerger Beschtzäit vun den 18 Joer ale Schwëmmer geschwommen, dat an 2'13"73. Iwwer déi selwecht Distanz konnt och de Finn Kemp eng nei perséinlech Beschtzäit realiséieren, dat an 2'09"61. De Fedoseev gëtt um Enn den 43. an de Finn Kemp den 38.ënner 46 Konkurrenten.

Bei den Damme konnt d’Lou Jaminet um drëtten Dag hir drëtt perséinlech Beschtzäit schwammen. Iwwer 800 Meter Crawl ass si eng Zäit vun 8'41"78 geschwommen an ass domadder op déi 22. Plaz ënnert 25 Schwëmmerinne komm. D’Leelo Reinesch huet iwwer 100 Meter Papillon eng Zäit vun 1'03"80 realiséiert, dat war um Enn déi 25. Plaz ënner 26. Sportlerinnen.

communiqué de presse Lublin 2025 J1.pdf
communiqué de presse Lublin 2025 J2.pdf
communiqué de presse Lublin 2025 J3.pdf
communiqué de presse Lublin 2025 J4.pdf

Och neien nationale Rekord fir de Rémi Fabiani am 50-Meter-Basseng.

Zu Austin an Amerika ass de Rémi Fabiani en néien nationale Rekord iwwer 50 Meter Crawl geschwommen. An enger Zäit vun 21"91 gëtt hien den éischte Lëtzebuerger Schwëmmer, deen ënner 22 Sekonne konnt bleiwen. Mat dëser Leeschtung confirméiert de Fabiani säi grousst Potential. Säin ale Rekord louch bei 52"09.

Claude Waltzing, President vun der Schwamm-Federatioun: “Dëst Resultat ass e staarkt Signal fir de Lëtzebuerger Schwammsport an ënnersträicht d’Progressioun vun eise Schwëmmer op internationalem Niveau. Et ass och e Beweis fir eng excellent Zesummenaarbecht vum amerikaneschen a Lëtzebuerger Staff.”

Back to Top
CIM LOGO