Nascht am NetzStorche live beim Bréien an Opzéien vu Klengen nokucken

RTL Lëtzebuerg
Mat enger Webcam, déi un engem Stroummast festgemaach ass, kann een zwou Storchekoppelen zu Mainz beim Bréien an Opzéie vun hire Klengen nokucken.

D’Kamera ass zwar vu Moies fréi bis Owes spéit un, op allze vill Action brauch een an den nächsten Deeg awer net ze hoffen, wann ee sech fir Dauersendung “Brütende Störche aus Strommasten” decidéiert. Béid Koppelen, déi dofir ausgewielt goufen, fir hiren Alldag bis op Weideres mat enger Live-Kamera am Internet engem gréissere Public ze presentéieren, si réischt an hiert neit Doheem agezunn.

Och Eeër goufe bis ewell keng geluecht, et kéint awer all Dag esou wäit sinn, heescht et vun der “Mainzer Netze GmbH”, déi et net fir d’éischte Kéier erméiglecht, datt dorun interesséiert Spectateuren de Storchen - ronn ee Mount laang - beim Bréie a beim Opzéie vun hire Klengen nokucke kënnen.

D’Rheintal gehéiert scho méi laang zu den am dichtste besidelten Storcheregiounen an Europa - eleng ronderëm Mainz a Wiesbaden solle sech aktuell eng 500 Hoergänsen ophalen. Well d’Liewen op de Stroummaste fir d’Naschtbewunner net ganz ongeféierlech ass, hu sech d’"Mainzer Netze GmbH” an d’"Überlandwerke Groß-Gerau GmbH” e bëssen eppes afale gelooss, fir d’Vulle ze schützen. Esou wieren un enger Partie Héichspannungsmaste kleng Wandrieder montéiert ginn, fir d’Storche vu geféierleche Plazen ewechzehalen.

Déi zwee Héichsëtz, déi vun der Webcam iwwerwaacht ginn, wieren awer souwisou op “onkritesche Plaze vum Stroummast”, soudass déi erwaarte Familljen net gestéiert wäerte ginn.

Back to Top
CIM LOGO