Eng léif GeschichtStroossemupp vu Police gerett an elo am Asaz bei der Elite

RTL Lëtzebuerg
Vun der Strooss bis bei d'Elite, sou kann een d'Geschicht vum Asha beschreiwen. D'Muppendamm gehéiert zu de beschte Schnoffeler bei der indescher Police.
© AFP

D’Asha, den indeschen Numm fir Hoffnung, gouf virun annerhallef Joer uerg blesséiert vu Poliziste gerett, wéi Kanner Steng op et geschoss haten. D’Muppendamm wier bal verblutt, wéi et um Site vun der Police ukoum.

D’Wonne si geheelt an d’Poliziste wollten den Hond als Hausdéier halen, ma ganz séier hu si awer festgestallt, dass d’Asha eng aussergewéinlech gutt Nues huet - bal esou gutt wéi déi vun engem Schéiferhond oder engem Labrador, déi meeschtens als Drogen- a Spierhënn agesat ginn.
Donieft kéint d’Asha och Héichten an Hürden ouni gréisser Ustrengung iwwerwannen. 2 Meter héich kann d’Muppendamm sprangen a wier dee séiersten Hond aus der Ausbildungsgrupp. D’Asha ass bis ewell och deen éischte Mischlingsmupp, deen an der Policeausbildung opgeholl gouf.

Back to Top
CIM LOGO