DéiereschutzSüdafrikaneschen Ziichter wëll pro Joer 100 Nashörner auswëlderen

RTL Lëtzebuerg
Den Nashornziichter John Hume wëll de Bestand vun Nashörner nees stäerken, deen duerch déi illegal Juegd drastesch zeréckgaangen ass.
© AFP-Archiv

Pro Joer wëll den John Hume, deen am Nordweste vu Südafrika déi gréisst Nashornfarm weltwäit bedreift, 100 där Déieren an hirem natierleche Liewensraum auswëlderen. Seng Häerd ëmfaasst 2004 Nashörner. De Projet “kann ëmgesat ginn”, sou d’Porte-parole vu Platinum Rhino. Wéini dat genee de Fall wäert sinn, gouf awer net gesot.

A Südafrika liewe ronn 80% vun allen Nashörner weltwäit. D’Populatioun hat dës Lescht allerdéngs mat den Auswierkunge vu massiver “Wilderei” ze kämpfen. Lescht Joer goufe 451 Déieren illegal ëmbruecht. Dat ware 15% méi wéi nach 2020. Mat just nach 20.000 Déiere weltwäit gëllt dat südlecht Breetmaulnashorn WWF no als menacéiert.

Virun allem a China an am Vietnam sinn Nashörner wéinst hiren Haren immens beléift. D’Hare ginn ënnert anerem fir d’Hierstellung vun traditionelle Medikamenter benotzt, déi - wéi et heescht - géint Kriibs an aner Krankheeten hëllefe sollen. Hare bestinn haaptsächlech aus haardem Keratin, déi selwecht Substanz, déi och an de mënschleche Fangerneel virkënnt.

Back to Top
CIM LOGO