Gëfteg AmphibienTaiwan kämpft géint Ausbreedung vu Risemouken

RTL Lëtzebuerg
Zanter Neistem verbreet sech d'"Aga-Mouk" am Taiwan. Fräiwëlleger probéieren, déi invasiv Aart ze stoppen, déi Flora a Fauna bedrot.
© AFP/Sam Yeh

Am Taiwan gëtt Mouken nogesot, datt si e Symbol fir Wuelstand a Gléck wieren. Ma Ëmweltschützer an Autoritéite wiere lo iwwer eng fir d’Land nei Aart besuergt, déi Flora a Fauna zerstéiert. Esou géif probéiert ginn d’Ausbreedung verzweiwelt anzedämmen.

E Gesiicht voll mat Waarzelen, gëfteg, zéi a riseg - sou géife sech d’"Aga-Mouken”, Rhinella marina, beschreiwe loossen. Si géifen eigentlech aus Süd- a Mëttelamerika stamen, hätten de Wee awer och an Australien an op d’Philippinnen gepackt, wou se nëmmen Zerstéierung hannerlooss hätten. An Australien hätt aus de Mouken souguer eekleg schmaachend Wurschte gemaach solle ginn, fir aneren Déieren den Honger op d’Amphibien ze huelen.

Am Taiwan wieren d’Mouke bis viru Kuerzem net bekannt gewiescht, ma elo géife se sech awer rasant ausbreeden. Mat Täscheluuchten a Schutzhändsche géifen Dosende Volontairen all Nuecht a Räisfelder a Geméisgäert no den “Aga-Mouken” sichen, déi däitlech méi grouss wéi 20 Zentimeter laang géife ginn.

Fir d’lescht hätt eng Fra grouss Mouken an engem Geméisgaart entdeckt an eng Foto dovu gepost, wouduerch direkt eng Juegd op d’Mouke lass gaangen ass. De Grupp Fräiwëlleger hätt doropshi 27 Exemplare fonnt an och Jonker, wat dorop schléisse gelooss hätt, datt se sech scho reproduzéiere géifen. Duerch hir grouss Ouerspautdrüsen, aus deenen d’Déieren e geféierlecht Gëft ofginn, hätt ee se séier kënnen identifizéieren.

D’"Aga-Mouk” wier e gefréissegt Déier an hätt vill Succès bei der Reproduktioun. Hiert Gëft ass en Ofwiermechanismus, deen och fir Hënn geféierlech wier, déi d’Mouken oflecken oder bäisse kënnen. Lokal Baueren hätten d’Naturschützer informéiert, datt se d’Mouken zwar bemierkt, mä net gemellt hätten. Taiwanesch Bauere géife Mouken awer am Allgemengen ignoréieren a se souguer mat Wuelwëlle betruechten, well se hëllefe géifen, d’Land vu Schädlinge fräizemaachen an och e Gléckssymbol wieren.

Back to Top
CIM LOGO