An der Emissioun Kloertext goung et en Donneschdeg den Owend ëm d'Privatiséierung vun der Schouldirektioun.

"De Gesetzesprojet ass net just schlecht erkläert ginn, et ass och keng Noutwendegkeet do, fir en ze stëmmen.", dat sot d'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen en Donneschdeg am Kloertext op der Tëlee. De Projet 7662, deen et och Net-Fonctionnairen ouni schoulesch Erfarung méiglech mécht, Direkter a 4 spezialiséierte Lycéeën ze ginn, gouf zwar vum Ordre du jour geholl, mä d'Kritik um Projet ass awer net manner ginn.
Ënnert anerem wëll am "exposé des motifs" vum Gesetzestext steet, datt dësen och op aner Lycéeën applizéiert kéint ginn.

"Et steet am Gesetzestext, am Artikel, deen dono gëllt, datt déi 4 Lycéeë viséiert sinn. Wann iergendeen eng Gesetzesinitiativ hëlt, fir dat auszeweiden, da muss en neit Gesetz gemaach ginn. Dat kann all Moment geschéien. Fir déi 42 Lycéeën oder just fir 1. Dat wat an deem Commentaire des articles, oder am exposé des motifs steet, ass eigentlech absolut net vu Relevanz. Wat wichteg ass: Et zielen déi 4 Lycéeën.", preziséiert den Educatiounsminister Claude Meisch.

"Op där selwechter Säit hëlt de Minister den exposé des motifs awer ëmmer als Erklärung, datt deejéinegen, deen hei genannt gëtt, och eppes vu Pedagogie muss kennen. Also ass entweder alles, wat do dra steet, richteg oder näischt.", reagéiert d'Martine Hansen.

Dem Patrick Arendt, President vum SEW, no hätt et eng gréisser Mobilisatioun ginn, well erkannt gi wär, datt et eng Gefor géif ginn, datt d'Schoule sech an déi falsch Richtung entwéckelen an datt d'Brems gezu misst ginn.

"Mir kënnen dat net mat enger Salami-Taktik dat schrëttweis aféieren a bemol ass d'Situatioun geschaaft. An dat ass dat, wat geféierlech ass. An dofir sinn ech frou, datt mer gemierkt hunn, datt vill leit dat realiséiert hunn a gesot hunn: Stopp! Dat do gëtt Méiglechkeeten, déi mer net wëllen, komm mer stoppen dat a kucken, wéi mer an Zukunft eis Schoul gesinn."

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet net mat engem Géigewand an deem Moss gerechent. Et géif a sengen Ae kloer e Besoin ginn, dofir wier de Gesetzestext och net zréckgezu ginn. Den DP-Minister huet awer betount, datt en d'Accord wier, datt den Text ëmgeschriwwe kéint ginn an datt eng Diskussioun gefouert misst ginn.

Fir déi iewescht Klassen ass virgesinn, datt se zum Deel erëm op Distanz enseignéiert ginn. Dat huet den Educatiounsminister Claude Meisch präziséiert. Dëst géif gëllen am Fall, wou weider Mesurë geholl misste ginn. D'Schoule wieren och heirop preparéiert ginn an dëst géif eréischt vum 30. November u gëllen. Lycéeë wiere souwuel materiell wéi och pedagogesch prett, fir dat ëmzesetzen, huet den DP-Minister nach ënnerstrach.

D'Invitéë waren:

Claude Meisch
Educatiounsminister - DP
Martine Hansen
CSV-Fraktiounscheffin, Fréier Schouldirektesch a Héichschoulministesch

Romain Wolff
President CGFP an CHFEP

Patrick Arendt
President SEW/OGBL

De Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)