Invitée: D'Regisseurin Renelde Pierlot, e Portrait vun hirem Brudder, dem Auteur Jean Bürlesk a Musek vun "Francis of Delirium" an "Balthazar".

Regisseurin a Schauspillerin, fir d’Renelde Pierlot si béid Funktioune wichteg. Zu Esch am Theater mécht se den Ament d'Mise en scène vum Stéck „Pas un pour me dire Merci".

Dës Produktioun ass zesumme mat hirem Brudder, dem Auteur Jean Bürlesk enstanen.

D'Claudia Kollwelter bréngt Musek vu "Francis of Delirium" a "Balthazar" mat.

No Art on Air aus dem Carré Hollerech presentéiert vum Loïc Tanson.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air