Invitée: D'Kannerbuch-Autorin Isabelle Marinov, ausserdeem d'Serie "Le monde de demain" an d'Expo "My Echo, my shadow and me".

Am No Art on Air war d'Schrëftstellerin Isabelle Marinov op Besuch. Si zielt iwwert hir sellege Kannerbischer déi grad eraus komm sinn oder un deenen se aktuell nach schafft. Ëppes hunn se all gemeinsam, en engagéiert Thema.

D'Sandy Elsen war sech d'Expo "My Echo, my shadow and me" op Esch an d'Maison du savoir ukucken, eng ganz sensibel Fotosausstellung an där et ëm Emotioune geet.

An de Loïc Tanson erzielt iwwert déi franséisch Serie "Le monde de demain". Am Mëttelpunkt steet d'Hip-Hop-Kultur a Frankräich aus den 80er a 90er Joren.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.


[comments