D'Nicole Bausch
Invitée: D'Rapperin Nicole Bausch aka Nicool, ausserdeem "All you can eat" am City Museum an den neie Konschtlexikon.
Déi jonk Rapperin Nicole Bausch, aka Nicool, war op Besuch am No Art on Air. Si huet iwwer hir nei EP "N vun der Welt" geschwat, iwwert de Release-Concert an de Rotondes a si huet iwwert hir Ufäng am Hip-Hop erzielt.
Den Dan Wiroth war sech d’Expo "All you can eat" an de City Museum ukucken, hei gëtt een eppes iwwert de Rapport tëschent dem Mënsch a senger Ernierung gewuer.
D'Valeria Wiwinius huet sech déi nei Internetsäit vum MNAHA "Konschtlexikon" méi genee ugekuckt an erkläert, wéi een déi ka benotzen a wat een alles do fënnt.
No Art On Air, aus dem Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.
De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.