Déi grouss Finall tëscht dem Maxime an dem Tim.

Et ass de leschten Challenge bei Take Off. Déi grouss Finall zu Diddeleng am Vewa. D’Finaliste baue mat hire Coequipieren eng Rube Goldberg Maschinn. Leeft hir Kettereaktioun bis zum Schluss duerch? Wiem seng Maschinn funktionéiert am beschten? Wie gewënnt de Geldpräis vun 10.000 Euro.
 
Take Off kënnt sonndes um 19.00 Auer op RTL Tëlee, RTL Play an takeoffshow.lu.