Geschlechtsspezifesch Ënnerscheeder an der Medezin a Gesellschaft.

D’Jessy Nies hat virun zwee Joer en Häerzinfarkt. E Schock fir déi 47 Joer al Mamm vun zwee Jugendlecher.

Deen huet wierklech d’Liewe komplett op d’Kopp gehäit. Well do hätt et banne véier Stonne konnten eriwwer sinn. Et ass och réischt zwee dräi Deeg duerno wou ech richteg realiséiert hunn, merde du haass elo en Häerzinfarkt. An dat ass schwéier, well dann denkt een no en et freet een sech wat ee falsch gemaach huet, dass een esou eppes kritt huet.

Et war op engem Sonndeg. Si hat kee Stiechen an der Broscht. Just fuerchtbar Réck wéi. Un en Häerzinfarkt huet d’Jessy do net geduecht.

„Méindes hat ech erëm deen nämmlechte Réckwéi kritt an dat huet sech dunn eriwwer gezunn op d’Broscht, awer och just op déi riets Säit. An ech krut keng Loft méi, et war mer schlecht gi vu Péng, ech konnt net méi goen, näischt méi, ech konnt mech net leeën, ech konnt mech net sëtzen. Do war näischt méi ze maachen. An jo, dann ass et esouwäit, dass een d’Ambulanz rifft ne.“

De Khamran Rabi ass Samusdokter a gëtt zou, dass a senger Ausbildung net drop higewise gouf dass bei engem Häerzinfarkt Fraen a Männer net déi selwecht Symptomer weisen.

Beim Mann ist es diese Brustenge mit der Ausstrahlung in den linken Oberarm, in den Rücken, zwischen die Schulterblätter, in den Oberbauch. Und bei der Frau ist diese Symptomatik dann wenn sie entritt oftmals ganz blann, also die Frau auch nicht das Gefühl hat, dass es vom Herzen kommt. Dann hat sie einfach mal ne Kurzatmigkeit die isoliert auftritt oder mal nur ein Ziehen, oder Oberbauchbeschwerden oder gar nicht diese Brustenge. Bis die Frau das selbst feststellt, vergeht eben länger Zeit bis zur Diagnose.

A genee dat ass d’Zäit an där et kritesch gëtt. Wann een den Häerzinfarkt ze spéit erkennt, kann dat dem Dr. Rabi no dramatesch Konsequenzen hunn.

In dem Moment wo das Gefäß zugeht, muss man schnell an die Revaskularisation wieder ran, das heißt es muss schnell wieder geöffnet werden. Das ist zeitkritisch und je mehr Zeit vergeht umso mehr Herzmuskelgewebe geht verloren und dementsprechend ist oftmals auch die Prognose beim Herzinfarkt, der bei der Frau auftritt ein bisschen schlechter als beim Mann. Weil er beim Mann erstmal früher erkannt wird.

D’Jessy Nies wënscht sech virun allem méi Opklärung. Iwwert déi geschlechtsspezifesch Ënnerscheeder bei de Symptomer a Risike vun engem Häerzinfarkt.

D’Frae goufen awer net just wat d’Symptomer vun enger Krankheet betrëfft laang Zäit mat de Männer an een Dëppe geheit. Och Medikamenter goufe bis an déi spéit 1990er Joren ausschliisslech u Männer getest. Si wierke bei Fraen awer anescht. Wéinst der Anatomie. Dem Stoffwiessel. An dem menstrualen Zyklus. Esou kënne Frae gäre mol iwwerdoséiert sinn.

Fraen a Männer ticken eben anescht. Och a Saache Gesondheet. Am PiSa haut och zwou Fuerscherinnen an ee Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg déi doru schaffen, dass d’Ongläichgewiicht an der medezinescher Behandlung méi kleng gëtt. An dat bei Demenz, Alzheimer an Autismus. A mam GG, dem Gender Game vum LISER wëll een op Geschlechterstereotypen opmierksam maachen. Datt Fraen a Männer, Jongen a Meedercher dat kënne gi wat se wëllen. An net dat wat d’Gesellschaft vun hinne verlaangt.

Hei ass schon e klengen Abléck an de PISA vun den Owend. Déi ganz Sendung gëtt et dann um 19:00 op der Tëlee an duerno op RTL Play.

Kuckt all d’Episoden op RTL Play!

Pisa kënnt sonndes um 19 Auer op RTL Tëlee an dono op RTL Play