Lëtzebuerg fréier, haut a muer
Dem Land seng Onofhängegkeet, Migratioun a Sprooch.
De komplizéierte Wee an d’Onofhängegkeet
D’Geschicht vum Grand-Duché fänkt 1815 un. Um Wiener Kongress gouf decidéiert, dass den hollännesche Kinnek huet missen Territoire u Preußen ofginn. A fir dee Verloscht auszegläiche krut hie Lëtzebuerg. A gëtt zum éischte Grand-Duc vum neien onofhängege Staat.
D’Historikerin Marie-Paule Jungblut vun der Uni Lëtzebuerg erkläert dem Land seng sécherheetspolitesch Roll am 19te Joerhonnert. A firwat d’Land ëmmer rëm em seng Onofhängegkeet huet misse fäerten.
Marie-Paule Jungblut: „Lëtzebuerg ass ëmmer interessant als Spillball, et ass ëmmer iergend esou eng Schachfigur op engem Schachbriet vun dem europäesche Muechtspill. An et ass interessant, et geet ni vu Lëtzebuerg aus, dass d’Onofhängegkeet bleift, et geet ëmmer vu baussen aus."
Lëtzebuerg war, ass a bleift e Migratiounsland
D’Antoinette Reuter an den Denis Scuto schaffen un enger neier Ausstellung iwwert déi räich Geschicht vun der lëtzebuergescher An- an Auswanderung. D’Populatioun huet sech an de leschte 40 Joer haaptsächlech duerch d’Immigratioun bal verduebelt. Bei der Vollekszielung 2021 hat d’Hallschecht vun de Leit mat Lëtzebuerger Nationalitéit op mannst een Elterendeel, deen am Ausland gebuer gouf.
Denis Scuto: „Doniewent rietsextrem-populistesch Beweegungen, déi soen keng Immigratioun. Mee et ass ganz kloer, jidderee weess hei am Land, wa mer déi net hunn, da maache mer hei de Buttek zou. An da kritt och den nationalisteschste Lëtzebuerger keng Rent méi.“
Bis nom Zweete Weltkrich war Lëtzebuerg virun allem en Auswanderungsland. Em d’Joer 1880 hunn a Frankräich 40.000 Lëtzebuerger gelieft. An Amerika waren et der em déi selwecht Zäit réischt 12.000. A béide Fäll hunn d’Leit Aarbecht gesicht. Am PiSa wou si hiert Brout verdénge konnten. Firwat d’Italieener net déi éischt waren déi op Lëtzebuerg immigréiert sinn. A firwat si vun de Portugisen ofgeléist goufen.
Scheiße, shit oder awer Merd?
Dem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch seng Wanderausstellung ass grad am Stater City Musée. De Linguist Alex Gillander erkläert firwat eis Sprooch eng oppe Sprooch ass. Ee fréier an der Chamber net wollt Lëtzebuergesch schwätzen. Wéi d’Lëtzebuergescht sech zur Nationalsprooch entwéckelt huet an hien sech keng Suergen em d’Zukunft vun eiser Sprooch mécht.
Alex Gillander: „Mir hunn zwar hei minus 7 Prozent, awer och plus 10.000. An et däerf een net vergiessen, et ass no der Haaptsprooch gefrot ginn. Wat natierlech net heescht, dass d’Leit keng zweet, drëtt, véiert oder fënneft Sprooch hunn, wat jo awer ganz normal ass zu Lëtzebuerg. Well wann een zum Beispill kuckt, Franséisch 15 Prozent, heescht dat net, dass 85 Prozent vun de Leit zu Lëtzebuerg kee Franséisch kënnen.“
Lëtzebuerg – Seng Onofhängegkeet, Migratioun a Sprooch. Haut em 19h00 am PiSa op der Tëlee an RTL Play.