Zwou Expoen, d'Stater Fotothéik an d’Eagles of Death Metal am Atelier
D'Kultur-Emissioun op der Tëlee, mam Zil d'Villsäitegkeet vun der Lëtzebuerger Kulturzeen ze presentéieren, ze vermëttelen an ze encadréieren.
"Passepartout" setzt engersäits de Kader fir d'Kultur zu Lëtzebuerg, anersäits ass den Numm och wuertwiertlech ze verstoen: "On passe partout".
Mir hunn déi Belsch-Lëtzebuergesch Kënschtlerin Aline Bouvy am Kader vun hirer Ausstellung "Hot Flashes" am Casino getraff. An der Villa Vauban kann een eng kënschtleresch Rees duerch Bella Italia maachen, a mir waren hannert d'Kulisse vun der Fotothéik luussen. Fir den 30. Gebuertsdag vum Atelier hu mir déi amerikanesch Rockband "Eagles of Death Metal" op hirem Showdag begleet.
"Passepartout": all Samschden um 19 Auer op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu, ma och am Replay an op RTL Play!