Den Edinburgh Festival Fringe an Les Rencontres d'Arles
D'Kultur-Emissioun op der Tëlee, mam Zil d'Villsäitegkeet vun der Lëtzebuerger Kulturzeen ze presentéieren, ze vermëttelen an ze encadréieren.
Dës Woch am Passepartout geet et an de Norden a Schottland an an de Süden an d’Provence mat zwee vun de bekanntsten europäesche Festivallen. De Fringe Festival zu Edinburgh geheiert zu de bedeitendste Festivalle fir de Spectacle vivant. Mir kruten en Abléck an di véier Lëtzebuerger Produktiounen di dëst Joer mat dobäi waren. An um Fotofestival Les Rencontres d’Arles a Südfrankräich stellt dëst Joer d’Lëtzebuerger Kënschtlerin Carine Krecké aus.
"Passepartout": all Samschden um 19 Auer op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu, ma och am Replay an op RTL Play!