D'Kultur-Emissioun op der Tëlee, mam Zil d'Villsäitegkeet vun der Lëtzebuerger Kulturzeen ze presentéieren, ze vermëttelen an ze encadréieren.

Dës Woch am Passepartout kréie mir en Abléck an d’Produktioun "score",  een Danz,  deen duerch Computercodë choreograféiert gëtt. Mir entdecke Skulpturen an Installatiounen um Luga Art Trail am Park Kinnekswiss a mir gi gewuer, wéi an der Stater Fotothéik geschafft gëtt. An am éischten Episod vun eiser neier Rubrik “Presto” gi mer der Fro no, wat d’Mona Lisa sou berüümt mécht.

"Passepartout": all Samschden um 19 Auer op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu, ma och am Replay an op RTL Play!