Documentaire: 90 Joer Lampertsbierger Guiden a Scouten - E Réckbléck (73 Min.)
De Film ass e Réckbléck op d'Geschicht vun de kathoulesche Lampertsbierger Guiden a Scouten, déi eng vun de gréissten an eegewëllegste Gruppen am Land war.
Un Hand vun Interviewen a villen alen Archivfilmer weist de Film, wéi déi Lampertsbierger sech am Kader vun de klassesche Scouts-Aktivitéite mat de grousse gesellschaftlechen Theme wéi Relioun oder Mixitéit auserneegesat hunn, a besonnesch an de 1960er a 1970er Jore mat un der Spëtzt vun der Modernisatioun vum Lëtzebuerger Scoutismus stoungen.
D'Geschicht vum Veräin spigelt esou och d'Geschicht an d'Evolutioun vun der Lëtzebuerger Gesellschaft erëm.
 
En Dokumentarfilm realiséiert vum Joy Hoffmann.
Montage a Postproduktioun: Misch Bervard
Musek: Balli Baldauff