Zanter méi wéi 25 Joer bedreift d’Famill Schönberger de Camping am Naturpark Our.

Am Mëttelpunkt stinn dobäi Innovatioun an Entwécklung: Statiounen fir E-Autoen opzelueden, een No-Waste-Konzept am Restaurant a geplangte Solarzellen si just puer Beispiller dofir. Animatioun a sportlech Aktivitéiten ronnen hir Offer of. Nieft den 155 Stellplazen, 17 Chaleten a 4 Wanderhütten huet de Camping Kohnenhof och zwee modern Safari-Zelter ze bidden. Am Restaurant Am’Our kann ee sech iwwerdeems kulinaresch verwinne loossen.

Weider spannend Iwwernuechtungsméiglechkeeten hei am Land fannt der ënner: https://www.visitluxembourg.com/en/100thingstodo