Warnung opgehuewen
Abriecher zu Jonglënster gouf no Flucht vun der Police gestoppt
© RTL Archiv
Am Kader vun engem versichten Abroch zu Jonglënster huet d'Police e Samschdeg kuerz viru Mëtteg an der Géigend no engem Täter gesicht.
De presuméierten Abriecher gouf dann och um kuerz virun hallwer 1 e Samschdeg de Mëtteg vun der Police festgeholl. D'Ermëttlungen sinn deemno och elo eriwwer, d'Warnung fir keng onbekannte Persoune matzehuelen gouf säitens der Police opgehuewen.
Am meeschte gelies