
Dëst Joer hu sech ronn 1.000 Makacke versammelt, fir zesummen ze frupsen. D’Offer u frëschem Uebst war riseg. Am beschten hätt den Afen déi sténkeg Fruucht “Durian” geschmaacht, hunn d’Organisateure verroden. En Ubléck, dee sech vill Touristen net wollten entgoe loossen an dowéinst vu wäit ewech ugereest sinn.

Corona-bedéngt konnte lescht Joer keng Touriste beobachten, wéi d’Afen d’Uebst genësserlech giess hunn. 2021 waren e puer honnerten Déierefrënn live mat dobäi. Den Dag verséisst krute vill Leit vun den Afen, wéi si de Spectateuren op d’Schëllere geklomme sinn, mat hiren Hoer gespillt oder un hirem Hutt geknat hunn. Beréierungsängschte ware keng z’erkennen.
