An engem Zoo a FloridaTiger bäisst engem Mann an den Aarm a gëtt erschoss

RTL Lëtzebuerg
Am US-Bundesstaat Florida ass een Tiger erschoss ginn, nodeems hien engem Member vum Botzpersonal am Zoo an den Aarm gebass hat.
Beispillfoto.
Beispillfoto.
© afp

De Mann wier an d’Tiger-Käfeg geklommen, nodeems den Zoo an der Stad Naples seng Diere fir den Owend zou gemaach hat. Do hätt de Mataarbechter vun enger externer Botzfirma den Tiger “geheemelt a gefiddert”, esou d’Police. De Mann war fir d’Botze vun den Toiletten a vum Cadeausbuttek zoustänneg, an den Déierekäfeger hat hien awer näischt ze sichen.

Den aacht Joer ale Malaysia-Tiger “Eko” huet dem Mann doropshin an den Aarm gebass an net méi vun him ofgelooss. Den éischte Polizist op der Plaz hat nach probéiert, de Mann aus der geféierlecher Situatioun ze befreien. Wou dat dunn net geklappt huet, hätten d’Beamten sech gezwonge gesinn, op den Tiger ze schéissen.

Den tëscht 20 an 30 Joer ale Mann gouf mat schwéiere Blessuren an d’Klinick bruecht, den Tiger “Eko” ass u senge Schossverletzunge gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO