Wann et dobausse méi kal gëtt, fléie vill Villercher an de Süden. Verschiddener bleiwen awer och hei. Si si richteg “Iwwerliewenskënschtler”. Märelen, Routbrëschtercher, Bontspiechten a sou weider – si passe sech de Wiederkonditiounen am Wanter un. Fir sech virun der Keelt ze protegéieren, hu se da méi een déckt Fiederkleed. Déi meescht Villercher, déi soss ëmmer Insekte friessen, gewinne sech ëm a gi sech mat Nëss, Kären a Som zefridden. Ma och vun deene fënnt ee bei Buedemfrascht oder Schnéi net vill. Dofir ass d’Fiddere vun de Villercher bei eis wäit verbreet.
Och wann d’Fro ob ee se fiddere soll, fir vill Diskussioune bei Déierefrënn suergt, ass fir d’Ekipp vun natur&ëmwelt kloer, dass een et am Wanter absolut maache kann. Allgemeng ass et awer net egal wat een de Villercher gëtt. Iessensreschter sinn absolut tabu. Dat schued hinnen an deemno wéi kënne se souguer dru futti goen. An de Butteker gëtt et vill Auswiel u Fudder a Supporten. Wat ee méi Auswiel ubitt, wat een natierlech och méi Vullenaarten ulackelt.
Déi Villercher, déi een dee Moment fiddert, sinn awer och déi, déi no beim Haus liewen. Et hëlleft een also net onbedéngt bedreeten Aarten. Et kann ee schonn am Oktober ufänke mat Fidderen, da muss ee sech duerchfiddere bis Ufank Mäerz. Wann d’Bréizäit ugeet, soll een ophale mat fidderen. Déi kleng Villercher brauche nämlech proteinräich Nahrung, wéi Insekten a Wierm. Ma déi sinn an de Käremixen net dran.
Wichteg ass et beim Fidderen natierlech och, dass een d’Supporte mam Fudder richteg placéiert. Also héich genuch, sou dass keen anert Déier dru kënnt. Et fënnt een och dacks Bulle mat engem Netz ronderëm fir opzehänken. Dës Method sollt een awer léiwer net benotzen. Déi méi kleng Villercher kéinte sech am Netz verhänken an déi méi grouss huelen d’Bullen deemno wéi ganz mat a loossen d’Netz dann an der Natur leien. Besser sinn also Méiglechkeeten, déi een ëmmer erëm nofëlle kann.
D’Villercher freeë sech awer net nëmmen iwwer Fudder. Waasser gëtt vun hinnen och gären ugeholl. Fir ze drénken, ma och fir sech ze botzen. Aus hygienesche Grënn sollt een dat awer all Dag wiesselen.