DäitschlandUkrainesch Flüchtlingen hunn 28.000 Hausdéiere matbruecht

RTL Lëtzebuerg
Milliounen Ukrainer si wéinst der russescher Invasioun aus der Heemecht geflücht. Vill vun hinne wollten hir Déieren net zeréckloossen an hu se matgeholl.

Wéi d’"Rheinische Post” schreift, déi sech op Informatioune vum “Deutschen Tierschutzbund” berifft, hätte ronn 8% vun den 340.000 ukrainesche Refugiéen an Däitschland en Hond oder eng Kaz dobäi.

Si hunn hir Déieren zwar a Sécherheet virum Krich bruecht, awer d’Sich no engem Ënnerdaach gëtt esou zum Deel méi schwiereg. D’Déiere si fir d’Leit op der Flucht “e wichtegen Anker, deen hinnen Halt a Kraaft gëtt”, sou d’Porte-parole vum Tierschutzbund Lea Schmitz. Dowéinst missten d’Plazen, wou d’Refugiéen ënnerkommen, esou ekipéiert sinn, dass d’Hausdéiere bei hire Meeschtere bleiwe kënnen. Dat wier awer net iwwerall de Fall. Argumentéiert gëtt mam Seucheschutz an der Hygiène. Dierfen d’Véierbeener net hei hire Besëtzer bleiwen, komme se fir eng gewëssen Zäit an en Déierenasyl.

D’"Rheinische Post” mellt, datt den Inneministère verséchert huet, datt sech ëm de Problem géing gekëmmert ginn. Fir traumatiséiert Mënsche wier et wichteg, hir Hausdéiere bei sech ze hunn, sou de parlamentaresche Staatssekretär Mahmut Özdemir un den Tierschutzbund. Am Gespréich mat de Bundeslänner a Gemenge wäert een och op dës Problematik hiweisen, heescht et weider.

Back to Top
CIM LOGO