Petitioun fir "d'Prinzessin"Verbannung vu Stroossekaz "Anastazija" aus Palais spléckt Dubrovnik

RTL Lëtzebuerg
Viru Kuerzem huet d'Kaz hiren Ënnerdaach am Rekterepalais verluer, well de Kulturhistoresche Musée vun der Stad an der Holzbud e Problem gesinn huet.
© To With AFP Story by LajlaVeselica

D’Schicksal vun enger 17 Joer aler Stroossekaz, déi viru Kuerzem hire Logement an der Alstad vun Dubrovnik verluer huet, spléckt d’Awunner vun der kroatescher Hafestad. Bis ewell hat d’Anastasia an enger klenger Holzhäip ënnert de Béi vum berüümte Palais gelieft, déi den Déierefrënd Srdjan Kera am Stil vum Palais - hallef Gotik, hallef Renaissance - gebaut hat.

Am Géigesaz zu villen Touriste war d’Direktioun vum Kulturhistoresche Musée, deen och am Palais ass, wéineg begeeschter vum elegante Kazen-Ënnerdaach. Fir si huet d’Holzhaus dem “eenzegaartegen an historesche Stadbild” vum mëttelalterlechen Unesco-Weltkulturierwe geschuet, wisou si d’Ofrappe vum Haische gefuerdert hunn.

Am Internet huet d’Decisioun e Stuerm un Diskussiounen ausgeléist. An enger Online-Ëmfro vun enger Lokalzeitung hu sech 90 Prozent vun de ronn 4.500 Participante fir d’Recht vun der Kaz ausgeschwat, hiert Liewen ënnert de Béi vum Palais weiderzeféieren.

Doropshin huet de Buergermeeschter Mato Frankovic d’Éier vum Musée verdeedegt: Dubrovnik géing gutt mat de ville Stroossekazen ëmgoen a keng vun hinne misst Honger leiden, huet hien erkläert. “Mä firwat musse mir hinnen elo nach en Ënnerdaach stellen?”

Bei der ganzer Opreegung ass d’Anastasia antëscht zu enger Berüümtheet ginn. Si huet ënner “Kneginja Anastazija”, also Prinzessin Anastasia, eng eege Facebook-Säit an eng eegen Online-Petitioun, déi fuerdert, d’Kazenhaus erëm opzebauen. Bis e Samschdeg hate schonn 12.000 Fans vun der Kaz ënnerschriwwen.

© To With AFP Story by LajlaVeselica

Back to Top
CIM LOGO