
2018 war duerch e Gesetz decidéiert ginn, datt ee Schrëtt fir Schrëtt géing mam Handel ophalen. Eng lokal Naturschutzorganisatioun hat 2019 gemellt, datt op de Kont vun Hongkong knapp ee Fënneftel vun alle weltwäite Saisië vun “Elfenbein” am leschte Joerzéngt géing goen.
Mat den neie Reegele gëtt den Import, den Export an de Besëtz vun Elefanten-"Elfenbein” zu kommerziellen Zwecker verbueden. Net betraff si Stécker, déi aus der Zäit vu virun 1925 sinn. Sollt ee géint dat neit Gesetz verstoussen, da riskéiert een eng Strof vun ëmgerechent ronn 1,15 Milliounen Euro an zéng Joer Prisong.
Duerch de vill genotzten Hafen an déi gutt Transitverbindungen huet sech Hongkong fir den Handel mat Produite vu bedroten Déiere wéi Elefanten oder Nashörner gëeegent. D’Produite si virun allem a Richtung China gaangen.
A China gëllt dat afrikanescht “Elfenbein” als Statussymbol. Et gouf fir ëmgerechent 970 Euro pro Kilogramm gehandelt. Zanter 2018 ass den Handel a China verbueden.