
Et ass wuel dat Schlëmmst, wat engem Déierefrënd geschéie kann, wann d’Hausdéier fortleeft an ee wärend Méint kee Liewenszeeche vum Hond kritt. Déi Erfarung huet och missen de Fransous Sébastien Dos Santos Borges maachen. Wärend der berüümter Hondsschlitten-Course Iditarod an Alaska ass nämlech den 3 Joer alen Husky Leon Mëtt Mäerz verschwonnen. Wochelaang gouf nom Mupp gesicht, mat gréissere Sichaktiounen a Fligeren, allerdéngs ouni Erfolleg.
Enn Mee gouf d’Fellnues am Duerf McGrath entdeckt, ronn 200 Kilometer vun der Uertschaft fort, wou e fir d’lescht gesi gouf. Mat Fudder hunn d’Awunner den Hond ugelackelt. De 4. Juni konnt de Leon schlussendlech agefaange ginn, heescht et vun den Iditarod-Organisateuren. Kuerz drop goufe Mupp a Meeschter vereent. An de sozialen Netzwierker huet den Hondsfrënd Sébastien Dos Santos Borges jidderengem Merci gesot, deen zum Happy End bäigedroen huet.
Iditarod gëllt als schwéierst Hondsschlitten-Course vun der Welt. Dëst Joer sinn 49 sougenannten “Mushers” mat hire Véierbeener un den Depart gaangen.