"Temps de Trajet"Koppel aus Esch lancéiert Buch iwwert déi "verlueren" Zäit am Verkéier

Rosa Clemente
D'Auteure Jessica Lopes (Soziologin) a Charl Vinz (Illustrateur) setze sech mam "Wee fir op d'Aarbecht" auserneen. Deen ass fir vill Leit am Land nämlech zäitopwänneg a mat Stress verbonnen.

Déi eng brauche vläicht just 15 Minutten, déi aner hu scho mol gären eng Stonn oder méi. Fir vill Leit awer ass de Wee fir op d’Aarbecht eng zousätzlech Laascht, déi finanziell net ugerechent gëtt.

Virun allem wann ee fir op d’Schaff iwwert d’Grenz Richtung Stad fiert oder allgemeng zu Stousszäiten ënnerwee ass, kann et scho richteg zur Plo ginn, dat wéinst kilometerlaange Stauen op den Autobunnen, iwwerfëllte Bussen, Zich an Niewestroossen.

Fir hiert Buch “Temps de Trajet” zesummen ze stellen, hunn d’Koppel aus Esch, d’Soziologin Jessica Lopes an den Illustrateur Charl Vinz 13 Persounen aus Lëtzebuerg an der Grenzregioun bei hirem Wee fir op d’Aarbecht begleet.

© Charl Vinz - Point Némo Publishing

“D’Jessica muss all Dag zwou Stonne pendele fir op d’Aarbecht, wärend deem ech awer vun doheem aus schaffe kann. Domat huet dat Ganzt Thema bei eis doheem ugefaangen”, seet de Charl Vinz am Interview mat RTL. D’Jessica Lopes betount dann: “Mir schwätze vill iwwert Stau a Verspéidungen am Zuchverkéier mat Famill a Kolleegen. Eis ass awer opgefall, datt op politeschem Niveau et net wierklech en Thema ass. Et schwätzt een dacks iwwert d’Aarbechtszäit, awer nëmme wéineg iwwert d’Pendel-Zäit. A wéi staark den Impakt dovun op eisem Alldag a Liewen ass.”

© Charl Vinz - Point Némo Publishing

Back to Top
CIM LOGO