
Et wier eng onerwaarten Entwécklung. De Stardesigner Adrian Newey soll no nëmmen zwee Grand-Prixen net méi Teamchef bei Aston Martin sinn. Véier Méint, nodeems hien déi Roll iwwerholl hat, soll den Newey sech an Zukunft erëm eleng ëm déi technesch Aspekter vun der Formel-1-Ecurie këmmeren. Esou mellt et op d’mannst de spezialiséierten Internetsite Motorsports.com Italia.
Nach méi iwwerraschend ass allerdéngs den Numm vu sengem Successeur, deen eis italieenesch Kolleegen nennen. Den Jonathan Weathley, aktuellen Teamchef an zanter bal engem Joer bei Audi, géif eriwwer bei Aston Martin wiesselen. De geneeën Zäitpunkt wier onkloer a géif och vu verschiddene Verflichtungen a sengem Audi-Kontrakt ofhänken. An der däitscher Ecurie waren him nieft dem italieeneschen Direkter Mattia Binotto net all Fräiheete ginn. Bei Aston Martin géif sech dat änneren.
De Weathley war 20 Joer laang bei Red Bull gewiescht an huet do gutt mam Newey zesummegeschafft. Et ass net onméiglech, dass den Newey sech perséinlech beim Teambesëtzer Laurence Stroll fir dee Wiessel staark gemaach huet. Den Zäitpunkt fir de Weathley wier ideal. Vill méi schlecht kann et bei Aston Martin net méi lafen an op senger aktueller Aarbechtsplaz zu Hinwil an der Schwäiz géing hie sech net terribel wuel fillen. Mat engem Wiessel bei Aston Martin géing et zréck an d’Heemecht Groussbritannien goen.
Dës Rumeure ginn zum Deel vun der englescher Redaktioun vu Sky Sports confirméiert. Och do huet een erausfonnt, dass déi duebel Belaaschtung vum Adrian Newey bei Aston Martin mëttlerweil a Fro gestallt géif ginn, an dass den Designstar duerchaus dorunner interesséiert wier, erëm mat sengem fréieren Red-Bull-Aarbechtskolleg Wheatley zesummenzeschaffen. Sky Sports nennt ee weidere Wonschkandidat fir dee Posten, an zwar de Red-Bull-Verstappen-Renningenieur Gianpiero Lambiase. Deen hätt, esou Sky Sports, awer schonn ofgesot. Och dem fréiere McLaren-Teamchef Andreas Seidl säin Numm geeschtert ronderëm.
Wéini e Wiessel effektiv méiglech wier, hänkt dann och nach vun de jeeweilege Kontrakter of. Féierend Käpp an der Formel 1 kënnen no enger Kënnegung normalerweis net direkt bei engem aneren Team ufänken a mussen e kontraktlech festgeluechte “Gardening Leave” (Zwangscongé) anhalen. Do kënnt d’Zwangspaus no den ofgesote Courssen a Bahrain a Saudi-Arabien der Ecurie vun Aston Martin ze gutt, fir eng adäquat Léisung ze fannen.
Et gëtt ugeholl, datt den Newey an der Funktioun vum Teamchef vun Ufank un nëmmen eng Iwwergangsléisung war. Offiziell wëllt Aston Martin sech awer net zu de Rumeuren äusseren. Géintiwwer Sky an der spuenescher AS huet d’Ecurie d’Nouvelle als “Gerücht a Spekulatioun” kommentéiert a preziséiert, datt si voll a ganz hannert dem Adrian Newey als technesche Leeder an Teamchef géinge stoen. Een anere spezialiséierten Internetsite RacingNews365 krut vun engem Teamspriecher matgedeelt, dass den Adrian Newey och an Zukunft d’Écurie als Teamchef a “Managing Technical Partner” leede wäert.
Sécher ass, dass dem Newey säin éischten Auto fir Aston Martin, a Kombinatioun mam problematesche Motor vun Honda, wäit hannert den Erwaardungen zréckbliwwen ass. Sécher ass och, dass den Designer sech léiwer hannert sengem Zeechebriet verkraucht an als Teamchef net gär der breeder Ëffentlechkeet Ried an Äntwert steet. Bleift um Enn nach d’Fro, wie bei Audi neien Teamchef géif ginn, sollt et awer zu engem Wiessel kommen. Leit wéi Christian Horner oder Günther Steiner sti scho vläicht an de Startlächer oder iwwerpréiwe grad hir Chancen...