D’Lëtzebuerger Sprinterin kennt d’Piste zu Toruń a Polen gutt. Virun e puer Wochen huet si do schonn eng Kéier eng staark Leeschtung gewisen an den drëttbeschte Chrono vun der Indoor-Saison weltwäit opgestallt. Dat ass och ee vun de Grënn, wisou d’Patrizia Van der Weken gutt Chancen op eng Qualifikatioun fir d’Finall an esouguer eng Medail huet.
An de leschten Deeg virun der Weltmeeschterschaft ass d’Preparatioun geziilt ugepasst ginn. Wéi hiren Trainer Arnaud Starck erkläert, goung et déi lescht Deeg virun allem drëms, de Kierper ze schounen an de Fokus op d’Recuperatioun an d’Competitioun ze leeën.
D’Zil fir de Weekend wier kloer: mat Selbstvertrauen un den Depart goen. E wichtege Faktor kéint dobäi sinn, datt si d’Hal zu Toruń scho gutt kennt. Fir si ass dat e Plus, well si sech schonn un d’Atmosphär an d’Pist gewinnt huet. Och den Trainer gesäit dat esou.
Mat enger Zäit vu 7,01 Sekonnen ass d’Patrizia Van der Weken aktuell déi drëttséierste Fra op der Welt iwwer 60m Indoor.
“Ech mengen, 7,01 ass en immens zolitte Chrono an dat weist einfach, dass ech ënner deene Beschten an der Welt ka matmëschen. Ech hoffen, dass ech déi Zäit confirméieren kann oder vläicht souguer nach besser lafen.“
Zesumme mam Trainer huet si d’Startlëscht analyséiert. Och wann d’Favorittinne bekannt sinn, ënnersträicht den Trainer Arnaud Starck, datt jiddwereen “sa chance au départ“ huet. D’Zil bleift also, sech Schrëtt fir Schrëtt no vir ze schaffen, fir d’éischt bis an d’Finallen.
D’Patrizia Van der Weken seet:
“Hannert mir ass et immens dicht an et sinn immens vill Meedercher, déi superséier gelaf sinn. Dat heescht, et muss een awer op alles gefaasst sinn.“
Zu Toruń wäert d’Sprinterin net eleng sinn: hir Mamm, hir Tatta an de beschte Frënd kommen op d’Plaz. Dat gëtt hir extra Motivatioun. Och an der Lëtzebuerger Delegatioun ass d’Stëmmung gutt, mam Viktoria Rausch a mam Vera Bertemes, déi sech géigesäiteg ënnerstëtzen.
Freideg
Vera Bertemes 1.500m: Virlaf (18h22)
Samschdeg
Patrizia van der Weken 60m: Virlaf (11h12)
1/2-Finall (20h14) & Finall (21h20)
Sonndeg
Victoria Rausch 60m Hecken: Virlaf (12h55)