10 Joer laang gültegVu Mëtt Mee u kënnt den neie Lëtzebuerger Pass

Diana Hoffmann
Wien no Mëtt Mee en neie Pass brauch, kritt en Ausweis, deen net just 5, mee 10 Joer gëlteg wäert sinn.
Sou gesäit den neie Pass aus
Sou gesäit den neie Pass aus
© Diana Hoffmann

De Präis fir en neie Pass bleift mat 50 Euro dee selwechten. Déi normal Prozedur fir d’Ausstellen dauert bis zu enger Woch. Fir d’Express-Prozedur, déi 3 Deeg dauert, musse weiderhin 150 Euro bezuelt ginn. Déi nei Versioun vum Pass kann ee vum 11. Mee un op der Gemeng oder um Passbüro an der Stad ufroen.

D’Sécherheetsmoossname vum Dokument goufen da verstäerkt. “Mir hu probéiert op all Säit iergend eppes ze hunn, fir de Fälscher d’Liewen esou schwéier wéi méiglech ze maachen”, huet den Ausseminister Xavier Bettel bei der Presentatioun vum neie Pass ënnerstrach. Waasserzeeche sinn an der Couverture an op deenen eenzele Säite verschafft. D’Säite sinn dann och net méi uniform, mee et sinn ënnerschiddlech Motiver, wéi d’Gëlle Fra, d’Chamber oder d’Silhouette vun der Stad drop ze gesinn. D’Passfoto ass an Zukunft faarweg an de Cover hanne mam Wope vu Lëtzebuerg verziert.

All Joer gi 50.000 bis 60.000 nei Päss ausgestallt. Bei bal 40 Prozent vun den Demandë wieren dës an der Express-Prozedur ugefrot ginn. Déi héich Nofro erkläert een sech dohier, dass d’Leit méi reesen, mee och duerch méi héich Demanden aus dem Ausland vu sougenannten Nei-Lëtzebuerger. Zejoert goufen a Brasilien 2.516 Demandë fir de Lëtzebuerger Pass gemaach. An Amerika 1.608 a Groussbritannie 489. De Moment besteet déi lëtzebuergesch Diaspora aus 157.000 Lëtzebuerger, wat iwwer 30 Prozent vun de Lëtzebuerger ausmécht.

Eise Pass wier e gefrote Pass, huet den Ausseminister präziséiert. Et géing een zu den Top 5 vun de Päss gehéieren, wou een déi mannst Visa bräicht fir bausst d’EU ze reesen. Reesen ouni gréisser Formalitéite kéint een domat an iwwer 170 Länner. Rezent nei dobäi komm wiere China, Vietnam an d’Mongolei.

Mat der Verlängerung vun der Gëltegkeet kéim een engersäits de Bierger entgéint, sot de Xavier Bettel. Mee och d’Aarbecht bei der Administratioun géing domat, fir dee Volet, reduzéiert ginn. De Gros vun de Päss géing an de Gemengen ugefrot ginn. Op zweeter Plaz kéim de Ministère, dono d’Ambassaden.

Back to Top
CIM LOGO