
Als Carlos Ray Norris jr. kënnt den Chuck Norris 1940 am Oklahoma op d’Welt. Béid Elterendeeler sinn hallef Cherokee, hallef iresch. No der High School trëtt hien an d’Air Force an a gëtt 1960 bei der Militärpolice a Korea stationéiert. Do krit hie vu senge Kolleege de Spëtznumm “Chuck” an hie fänkt un, sech fir asiatesch Kampfkonscht ze begeeschteren.
Den Norris gëtt deen éischte westleche Mann, dee mam 8. Dan am Taekwondo ausgezeechent gëtt. Duerno mécht hie Kampfsport-Schoulen op, hëlt un Tournoien deel a léiert do de Bruce Lee kennen. Dëse verhëlleft him zu éischte Kontakter mat Hollywood.
1974 ass Schluss mam Kampfsport. De Steve McQueen iwwerriet den Norris dozou, definitiv Acteur ze ginn. Et ass den Ufank vun enger laanger Serie un Actionfilmer - mat mol méi mol manner Succès. 1993 krit den Chuck d’Haaptroll an der Tëleesserie “Walker, Texas Ranger”, éiert e sech 2005 fir 7 Joer aus dem Filmbusiness zréckzitt. An där Zäit gëtt hien zum Éieremember ernannt vun de Rangers an hie grënnt d’Hëllefsorganisatioun “Kickstart”, déi géint Gewalt an Drogenhandel op de Schoule virgeet.
Aus senger stereotypper Roll vum Eenzelgänger an Action-Held, deen ni verléiert, entwéckele sech ëm 2005 di éischte Spréch a Witzer. Entretemps ginn et sëllegen Internetsäiten, déi sech mat deem Thema beschäftegen. Hie selwer huet deen een oder anere Fakt duerchaus amüsant fonnt, mee wëllt awer net mat Gott verglach ginn.
Fir säi 86. Gebuertsdag, deen hien den 10. Mäerz dëst Joer gefeiert huet, huet en e Video an de soziale Medie gepost, wou een hie boxe gesäit, dat mam Text drënner: “Ech ginn net méi al. Ech klammen e Level erop.”
Den 19. Mäerz war et dunn awer d’Nouvelle, den Chuck Norris wier d’Urgence an e Spidol op Hawaii ageliwwert ginn. Nach e Mëttwoch hätt hien op Kauai trainéiert, der eelster vun den 8 Haaptinsele vun Hawaii. En hätt dunn och nach mat engem Kolleeg telefonéiert a Witzer gemaach, esou d’Informatioun op der Internetsäit TMZ.
Um Freideg da koum déi traureg Nouvelle, dass den Action-Held am Krees vu senger Famill gestuerwen ass.
1970er
1980er – seng grouss Action-Zäit
1990er
2000er
2010–haut