
D’Arktis ass déi Plaz, déi sech méi séier erwiermt wéi all aner Regioun op der Äerd. Fir vill Liewewiese vun der Polarregioun gëtt d’Hausse vun den Temperaturen e Problem, well si op d’Äis als hire Liewensraum ugewise sinn. Walrosse liewen eigentlech am nërdleche Polargebitt. Ma elo huet awer en hollännesche Wëssenschaftler een Déier an Nordholland entdeckt, dat op engem U-Boot ageschlof war.
D’Weibchen, dat “Freya” benannt gouf, hält sech honnerte Kilometer ze wäit südlech op, wéi déi brittesch Zeitung “The Guardian” matdeelt. D’Freya ass eent vun den op d’mannst zwee Walrossen, déi an der lescht wäit ewech vun hirem arktesche Liewensraum gesi goufen. Een anere Walross war virun der Küst vu Frankräich, Spuenien an Irland entdeckt ginn. Antëscht ass de “Wally”, wéi deen éischte Walross genannt gëtt, nees an den islännesche Gewässer ënnerwee.
Mam Freya huet déi éischte Kéier zanter 23 Joer rëm ee Walross a fräier Natur Holland erreecht. Et geet een dovun aus, datt d’Walrossweibche vu senger arktescher Heemecht a Richtung Süden geschwommen ass. De Wëssenschaftler, deen d’Déier vir d’éischt entdeckt huet, hat zwar eng Wonn un der Floss vum Walross gesinn, ofgesinn dovun wier d’Freya awer bei gudder Gesondheet.