Griichesch DeckelsmoukenWéi iwwerbrécke si de Wanter?

RTL Lëtzebuerg
Kann een déi Prozedur op der Säit loossen oder ass dat schlecht fir hir Gesondheet?
© Jeff Schreiner

Och wa bei de Reptilien dacks vu Wanterschlof geschwat gëtt, ass dëst awer net ganz richteg. Et handelt sech éischter ëm eng “Hibernation”, eng “Winterstarre”. Dës Déiere kënnen hir Kierpertemperatur net selwer regléieren; se hänkt vun den Ëmweltbedingungen of. Éier ee sech e Reptil uschaaft, ass et wichteg, sech genee z’informéieren, wéi si de Wanter verbréngen, respektiv wéi si aartgerecht gehale solle ginn. Dëst hänkt dovunner of, wéi si et an der Natur géinge maachen. E wichtege Facteur ass do d’Klima. Gëtt et kee Wanter an hirer Regioun, liewe si normal weider. Bei de mediterrane Reptilien ass eng “Hibernation” essentiell fir e gesond Liewen, esou de Jeff Schreiner, Veterinär mat Spezialisatioun Reptiliemedezin. Do zielen déi griichesch Landdeckelsmouken (Testudo hermanni) zu deene Reptilien, déi dacks als Hausdéier gehale ginn.

Prozess vun der “Winterstarre”

Duerch déi “Winterstarre“ kënnen dës Schildkröten de Wanter gutt iwwerstoen. Fir déi Deckelsmouken, déi an der Natur liewen, spillen do e puer Punkten eng Roll, fir datt si sech automatesch op de Wanter preparéieren. Dat sinn d’Temperaturen, déi falen, d’Deeg, déi méi kuerz ginn, an och d’Konzentratioun vun den UV-Stralen, déi ofhëlt. Doropshin hale si op mat friessen, si siche sech eng Plaz fir z’iwwerwanteren, wou et net fréiert, a si fueren hire komplette Stoffwiessel an Häerzkreeslafsystem erof. Bei 5 Grad schléit hiert Häerz nëmmen nach 3-5 Mol pro Minutt. Si brauchen dann och wärend dem Wanter nëmme ganz wéineg Sauerstoff. Dowéinst huele si just puer Mol pro Minutt Loft. Esou kënne si déi Zäit dann och ouni Fudder iwwerbrécken. Beim Mënsch doheem ginn dës Deckelsmouken am Wanter dacks a Këschten am Frigo gehalen. De Jeff Schreiner hëlt dofir Wäischief, well do nämlech de Virdeel ass, datt ee pro Gefaach d’Temperatur eenzel astelle kann. Alternativ kënnen dës Reptilien och de Wanter an enger Këscht an engem rouegen Deel vum Keller verbréngen, wou och Gromperen oder Äppel gehale ginn. De Späicher ass do kee gudde Choix, well d’Temperaturen do am Wanter ze vill schwanken an am Fréijoer ze séier klammen.

© Jeff Schreiner

D’Këschten, an deenen dës griichesch Deckelsmouken de Wanter verbréngen, sollen als Grondfläch 2 Mol d’Längt vum Panzer hunn op 3 Mol Längt vum Panzer. Esou hu si d’Méiglechkeet sech ze beweegen a sech ze dréien. An dës Këscht soll eng Schicht aus Buedem, Humus oder eng Mëschung aus Sand mat Buedem kommen. Se soll fiicht, awer net naass sinn. Dorop kommen 20 Zentimeter vu Laf an Hee, mat deenen d’Schildkröt bedeckt gëtt. D’Temperatur vun dëse mediterranen Déiere soll konstant tëscht 4 a 6,5 Grad leien. Wann d’Temperatur iwwer 8 Grad klëmmt, da riskéiere se am schlëmmste Fall ze stierwen. Duerch déi méi héisch Temperature verléiere se ze vill Energie an de Stoffwiessel vun der Liewer geréit duercherneen.

Wéini soll e mam Prozess vun der Iwwerwanterung ufänken?

Schonn Enn September soll de Veterinär dës Deckelsmouk ënnersichen, fir ze kucken, ob se gesond ass. Am neschte wär och, wann eng Analys vum Stullgank géing gemaach ginn, deen iwwer puer Deeg gesammelt ginn ass. Falls do d‘Presenz vu Parasitte sollt festgestallt ginn, da kann d’Deckelsmouk nach behandelt ginn, éier d’"Hibernation” ufänkt. Esou kann de Risiko verklengert ginn, datt se de Wanter eventuell net iwwersteet. Déi Déieren, déi d’Joer iwwer am Terrarium gehale ginn, kann ee beim Prozess ënnerstëtzen, fir an déi “Winterstarre” ze falen. Wärend e puer Woche kann een d‘Temperaturen an och d’Luucht lues reduzéieren, fir dës dann um Enn komplett auszemaachen. Gewéinlech liewe se bei 35 Grad am Terrarium a bei Temperature vun ënner 20 Grad fänkt de Prozess fir d’Iwwerwanterung un. Da schaffen d’Verdauungsenzymer och manner. Et ass allerdéngs awer wichteg fir d’Gewiicht vun dëse Schildkröten am Wanter z’iwwerwaachen. Wa se méi wéi 10 Prozent vun hirem Kierpergewiicht verléieren, da soll een déi “Winterstarre” ënnerbriechen. D’Temperatur an d‘Loftfiichtegkeet am Frigo soll reegelméisseg kontrolléiert ginn. Do dernieft brauchen dës Reptilien och genuch Sauerstoff. Dëst erreecht een, andeems een 1 Mol d’Woch de Frigo opmécht.

Wéi laang dauert d’"Winterstarre”?

An der Moyenne dauert dës Iwwerwanterung 3-5 Méint. Duerno brauchen dës griichesch Deckelsmouken awer eng Zäit, fir erëm richteg zou sech ze kommen. Si brauche virun allem Waasser. Engersäits fir ze drénken, an anerersäits kann een den Daarm ënnerstëtzen, fir erëm an d’Gäng ze kommen, andeems ee se wotlech buet. Do soll een awer oppassen, datt ee se dobäi net an ze vill Waasser setzt. Soss riskéiere si no enger Zäit de Kapp net méi iwwer Waasser kënnen ze halen. Da brauche se puer Deeg, fir sech nees lues un déi normal Temperaturen a Luucht ze gewinnen. Et ka bis zu 14 Deeg daueren, bis si erëm wéi gewinnt friessen.

De Jeff Schreiner weist nach drop hin, datt een déi Déieren, déi am Keller iwwerwanteren, viru Raten an aner Nagedéiere soll schützen. Déi knabberen hinne soss un de viischten Extremitéiten. Et soll ee sech och bewosst sinn, wann een esou mediterran Deckelsmouken hält, datt déi net op eng “Winterstarre” verzichte kënnen. Dëst kéint soss schlecht fir hir Gesondheet sinn an och verschidde Krankheete mat sech bréngen.

Back to Top
CIM LOGO