
Vu ganz Kleng bis Grouss interesséieren d’Kanner an d’Jugendlecher sech fir d’Déieren an den Déiereschutz. Sief et Kanner aus enger Crèche oder Jugendlecher aus dem Lycée, d’Liliane Ferron, zoustänneg fir d‘Relation Publique am Gaasperecher Déierenasyl, hat schonn all Alter vu Kanner de Fonctionnement vum Déierenasyl an och den Déiereschutz méi no bruecht. Hir ass et wichteg, datt d’Kanner wëssen, wat et heescht, wann ee sech en Déier uschaaft. Et soll een Zäit hu fir en Déier an et soll ee sech am Virfeld iwwer d’Käschte bewosst sinn, déi op een duerkommen. Da soll een eng Noutléisung hunn, wat mam Déier geschitt, wann ee selwer mol an d’Klinik misst. A wat absolut net geet, ass, wann een en Déier maltraitéiert, schléit oder ustréckt. Et soll ee sech och informéieren, wat sou een Déier alles brauch. Et si Liewewiesen a keng Géigestänn a si sollen aartgerecht gehale ginn. Dofir erkläert d’Liliane Ferron de Kanner och, wat en Déier ass a wat d’Asyl mécht. Et besteet och eng Ursaach, firwat déi Hënn a Kazen an d’Gaasperecher Déierenasyl kommen: sief et duerch e Stierffall, eng Krankheet, eng Scheedung, eng Saisie oder datt se ausgesat gi sinn.

Am Normalfall kënnen 30 bis 40 Persounen an e Sall vun der Déiereschutzliga erapassen, dem Patron vum Déierenasyl zu Gaasperech. Do kann d’Liliane Ferron niewent hiren Erklärungen dann och d’Froe vun de Schüler beäntwerten, déi si am Virfeld virbereet hunn. Besonnesch déi méi grouss Schüler maache sech scho méi Gedanken iwwer d’Déierequälerei. Si kréien dann och en Deel vum Asyl gewisen, wéi d’Hënn do liewen, respektiv een Deel vum Kazenhaus. Et ass och scho virkomm, datt d’Liliane Ferron an d’Schoule bei d’Kanner gaangen ass. Den Ament ass dat alles net méiglech. Fir d’Unzuel vun de Schüler wéinst der sanitärer Kris am Asyl ze begrenzen, sollen der just e puer kommen. Duerno kënnen déi Schüler deenen aneren dann iwwert de Wee vun enger Presentatioun mat Fotoen d’Informatioune weiderginn. Heiansdo organiséieren d’Schüler och e Basar; den Erléis geet dann dacks un d’Déierenasyl. Et kënnt och vir, datt d’Schüler hir Froen iwwer Telefon stellen. D’Zënter der Reouverture nom Lockdown, hu si am Asyl vill esou Ufroe kritt. Doriwwer si si zu Gaasperech ganz frou.

D’Kanner kënnen hiren Deel beim Déiereschutz bäidroen, andeems si zum Beispill d’Elteren drop opmierksam maachen, wat dat alles bedeit, wa si en Déier wëllen adoptéieren. Heiansdo ass et schonn aus Zäitgrënn net méiglech, e Véierbeener an d’Haus ze huelen. Wann d’Kanner mat engem Hond aus dem Déierenasyl wëlle spadséiere goen, da muss ëmmer een Erwuessenen dobäi sinn, deen d’Responsabilitéit iwwerhëlt. Esoubal een 18 Joer huet, kann een dat dann och eleng maachen.