Dobannen an dobaussenWéi verbréngen d’Nagedéieren de Wanter?

RTL Lëtzebuerg
Op wat muss een als Besëtzer vun dësen Déieren oppassen, wann de Wanter virun der Dier steet? Mir hu bei Hamster.lu nogefrot.
© Hamster.lu

Wann Nagedéieren dobanne gehale ginn, dann hale se éischter kee Wanterschlof. Et läit also un der Temperatur, wéi verschidde kleng Nagedéieren de Wanter verbréngen. Wann d’Raumtemperatur d’Joer iwwer relativ konstant bleift, dann ännert sech och de Wanter näischt un hirem Verhalen. Falls et awer ënner 10 Grad ginn, da kënnen déi Nagedéieren, déi domestikéiert sinn, eng Aart “Winterstarre” halen. Si leien dann do, wéi wa se dout wieren, esou den Dan Thill vun Hamster.lu. Do ass et da wichteg, wann een esou ee Goldhamster, eng Rennmaus oder eng aner Zort vu Mais am Käfeg fënnt, fir se net ze beweegen oder dann de Käfeg frësch ze maachen. Do soll een dann am Virfeld dëse klengen Nagedéieren bësse méi Fudder ginn, fir datt si sech eng Reserve uleeë kënnen. Do dernieft kann een hinnen och zum Beispill Moos ginn, fir datt si hiert Nascht nach besser kënne polsteren. Sou si si dann och besser virun der Keelt geschützt. Bei konstanten Temperature kann een den Hamsteren a Co dann héchstens Vitaminne mat an d’Waasser mëschen.

Kanéngercher a Mierschwéngercher am Wanter dobaussen

Wëll ee Mierschwéngercher oder Kanéngercher (déi zu den Hasenartigen/Lagomorpha gehéieren) dobaussen halen, soll een awer wëssen, datt just déi gesond an ausgewuessen Déiercher do iwwerwantere kënnen. Jonk, krank oder schwanger Déiere sollen net der Keelt ausgesat ginn. D’Déieren, déi dobausse liewen, sollen net eleng an och net just virun der kaler Joreszäit raus plënneren. Si solle sech lues a lues kënnen un de Wiederëmschwong gewinnen. De Stall soll gutt isoléiert sinn, fir géint de Reen, de Wand an d’Keelt ze schützen. Op de Buedem sollen zousätzlech 5-10 Zentimeter Hee a Stréi wéi normalerweis kommen. Et soll een hinnen nach weider Hee an de Stall leeën, fir waarm ze bleiwen. Dës Déiere sollen och d’Méiglechkeet kréien, fir Auslaf ze hunn. Iwwert de Wanter schlofe si net déi ganzen Zäit. Och do soll et net naass oder matscheg sinn. Fir dat ze verhënneren, kann een do zum Beispill “Rindenmulch” op de Buedem leeën. Am Virfeld sollen d’Kanéngercher an d’Mierschwéngercher méi ze friesse kréien, fir Speck unzeleeën. Si sollen iwwert de Wanter och puer Mol den Dag frëscht, wotlecht Waasser kréien. Domadder verhënnert een, datt d’Waasser fréiert.

D’Hamsteren an der fräier Natur

An der fräier Natur halen och net méi all d’Hamsteren e Wanterschlof. Do ginn et awer Ausnamen an dozou zielt den elsässeschen an den europäeschen Hamster. Et hänkt och hei vun den Temperaturen of, wéini déi Hamstere sech an hire Bau zréckzéien. Et ginn der, déi dat scho bei Temperature vun ënner 15 Grad maachen. Fir sech kënne besser virun der Keelt ze schützen, mécht den Hamster all d’Zougäng zu sengem Nascht zou. Wärend dem Wanter erwäche si reegelméisseg, awer just fir kuerz Zäit, fir sech ze wäschen a fir eppes ze friessen. Dëst Fudder hu si scho virum Wanter an de verschiddene Kummere vun hirem Bau gehamstert, also ageluecht. Déi Éischt, déi Ufank Abrëll erwächen, sinn d’Männercher.

Dëst Joer fält bei den Zwerghamsteren eppes op, wat net dacks a Gefaangenschaft virkënnt, esou den Dan Thill. All dës Déieren, déi si den Ament an der Fleeg hunn, ginn alleguer méi wäiss. Dëst maache si generell, fir sech virum Schnéi ze schützen. An dësem Fall ass et en Zeechen, datt et méiglecherweis e kale Wanter gëtt.

Back to Top
CIM LOGO