
Analysen hu méi spéit gewisen, datt déi pelzeg Déieren allerdéngs keng Hauskazen, mee Europäesch Wëllkaze sinn. Eent vun den Déiercher war leider kuerz drop un enger Infektiounskrankheet gestuerwen.
Déi zwou Kazen, déi iwwerlieft hunn, sinn an enger Statioun fir Wëll Déieren a Rheinland-Pfalz nees op d’Liewen an der Wildnis preparéiert ginn. Elo geschwënn sollen si an engem Bësch an der Pfalz ausgesat ginn - ee Récktransport an d’Géigend vu Freiburg wär fir si ze vill stresseg.