Bayreschen DéiereparkWëllschwäin "Putin" heescht elo "Eberhofer"

RTL Lëtzebuerg
Wéinst dem Ukrain-Krich wollt e Wëldpark an Däitschland säi Wëllschwäin mam Numm "Putin" ëmbenennen. Duerch eng Online-Ofstëmmung gouf en neien Numm fonnt.

Gutt véier Joer laang hat en 200 Kilogramm schwéiert Wëllschwäin den Numm “Putin” - wéinst der russescher Invasioun an der Ukrain ass domat Schluss. Elo heescht dat russescht Wëllschwäin “Eberhofer”.

Deen Numm hat sech bei enger Ofstëmmung am Internet duerchgesat, wéi de Wëldpark Bëschhaus Mehlmeisel e Sonndeg matgedeelt huet. “Mir sinn esou een harmoneschen, schéine klenge Wëldpark an do passt esou een Numm einfach net eran”, sot de Bedreiwer Eckard Mickisch.

Den Numm “Eberhofer” krut deemno 1.198 Stëmmen an op zweeter Plaz kënnt “Gustl”, fir deen 1.013 Participanten votéiert hunn. D’Propos “Eberhofer” koum deemno vun de Bedreiwer vun der Entertainment-Sendung “Ringsletter” am Bayresche Rundfunk. Do war een op d’Ëmbenenne opmierksam ginn. Den Numm ass eng Uspillung op déi vum Rita Falk geschriwwen an deels verfilmten “Eberhofer-Krimis”, an deenen en Ermëttler mat deem Numm am Mëttelpunkt steet.

RTL News: Wëllschwäin “Putin” soll ëmbenannt ginn

Back to Top
CIM LOGO