Bayreschen DéiereparkWëllschwäin "Putin" soll ëmbenannt ginn

RTL Lëtzebuerg
"Keng Sau huet esou een Numm verdéngt": An engem Wëldpark soll d'Wëllschwäin "Putin" ëmgedeeft ginn. Och aus Récksiicht op ukrainesch Visiteuren.

En ass 200 Kilo schwéier, kënnt aus Russland - a brauch en neien Numm: De Bedreiwer vun engem bayreschen Déierepark wëll d’Wëllschwäin mam Numm “Putin” ëmbenennen. “Antëscht huet sech erausgestallt, datt keng Sau esou een Numm verdéngt huet”, sot den Eckehard Mickisch Chef vum Bëschhaus “Mehlmeisel”.

De Mickisch hätt d’Déier viru knapp véier Joer als Klenge kritt. Well et e russescht Wëllschwäin ass, war hien op den Numm “Putin” komm. E puer Deeg no der Attack op d’Ukrain hätt hien awer decidéiert, den Numm net méi ze benotzen. Ukrainesch Flüchtlingen hätten nämlech am Park fräi Entrée, an hie fäert, datt et zu desagreabele Momenter komme kéint. “Do komme Kanner mat hire Mamm, laachen a freeë sech - a bemol fält den Numm ‘Putin’”, sot de Chef vum Wëldpark. “Eleng aus Respekt dëse Mënsche géigeniwwer muss den Numm fort.”

Den neien Numm soll duerch eng Online-Ofstëmmung ermëttelt ginn. De Choix huet een tëscht fënnef Optiounen, dorënner “Mir” - wat op Ukrainesch a Russesch “Fridden” heescht - oder “Igor”, “Frederick”, “Eberhofer” oder “Gustl”.

Back to Top
CIM LOGO