Akrobaten an der Loft a GlécksbréngerWëssenswäertes iwwert d'Schmuewelen an hir Näschter

RTL Lëtzebuerg
Mir hu bei natur&ëmwelt nogefrot, wisou des Villercher ënner Naturschutz stinn an ob een en Nascht däerf ewechmaachen.
© Patric Lorgé

De Patric Lorgé vum Service ornithologique vun natur&ëmwelt huet erkläert, datt all wëll Villercher hei am Land nom Naturschutzgesetz vun 2018 ënner Naturschutz stinn. Do sinn d’Näschter an d’Eeër mat abegraff. Et däerf een also d’Villercher net stéieren, net joen an och d’Näschter net futti maachen. Am Ganze ginn et bei de Schmuewele 4 Aarten: d’Stallschmuewel, d’Grondschmuewel, de Leeëndecker an déi, déi hei am bekanntsten ass: d’Hausschmuewel (op Däitsch: “Mehlschwalbe”). Besonnesch d’Zuel vun den Haus- an de Stallschmuewelen ass an de leschte Joren hei am Land réckleefeg. Erkläre léisst sech dëst duerch d’Verschwanne vu Brutplazen. Dëst ass d’Konsequenz, well engersäits op Plaze vu Bauerenhäff nei Residenze gebaut gi sinn, Haiser renovéiert gi sinn oder d’Diecher frësch gemaach goufen.

Et gi Situatiounen, wou d’Näschter provisoresch kënnen ewechgeholl ginn. Dëst ass zum Beispill, wann en Haus ofgerappt soll ginn, respektiv en neit do soll gebaut ginn oder wann d’Fassad gemaach soll ginn. Deen Ament kann da bei der Naturverwaltung eng temporär Autorisatioun ugefrot ginn, fir dat Nascht zäitlech begrenzt ewechzehuelen. Wann d’Aarbechte fäerdeg sinn, kann dann de Schmuewelen e kënschtlecht Nascht dohinner gehaange ginn. Am Fall vun engem Neibau wär et awer ze vertrieden, wann d’Fassad mat engem Produit kéint ugestrach ginn, un deem d’Leemkurelen net géinge peche bleiwen. Bei all anerer Situatioun, wou et schonn Näschter ginn, däerfen déi net zerstéiert ginn, och net am Wanter, wa se eidel sinn. Nom Naturschutzgesetz däerf een dës Villercher och net drun hënneren, fir en Nascht ze bauen. Si hu sech déi Plaz erausgesicht fir ze bréien. Et gi Méiglechkeeten, fir z’evitéieren, datt d’Plättercher oder d’Fënsterbrieder verknascht ginn. Eng Rei biologesch Statioune gi bei d’Leit heem, fir déi ze beroden, wat an hirem Fall ka gemaach ginn. Dacks ginn an deem Fall speziell Brieder ubruecht, fir esou de Knascht vun de Villercher opzefänken.

© Hausschmuewel/Patric Lorgé

Et ass esou, datt een dem Naturschutzgesetz no dofir ze suergen huet, datt d’Villercher virun enger Kaz geschützt ginn, erkläert de Patric Lorgé weider. Entweder kann een dee Beräich, wou d’Villercher d’Nascht bauen oder gebaut hunn, net accesibel fir d’Kaz maachen, oder et kann een der Fellnnues e Collier mat enger Schell undoen, fir esou d’Schmuewel ze warnen. D’Zuel vun de wëlle Vullen, déi an Europa vu Kaze gefaange ginn, ass nämlech ganz héich.

Am Naturschutzgesetz ginn et Ausnamen, fir eng Autorisatioun kënnen ufroen, fir Näschter ewechzemaachen a se dann op aner Plaze bréngen ze loossen, wou se keng Plo fir d’Leit sinn. Wann een esou een Nascht direkt iwwert der Hausdier huet oder an enger Fënster, déi een doduerch net opkritt, soll een als Éischt den zoustännege Fierschter kontaktéieren, fir da kënnen eng Demande bei der Naturverwaltung ze maachen. De Fierschter kann d’Leit beroden an hinnen dobäi hëllefen. Meeschtens gëtt eng Léisung fonnt. Wann een Näschter awer vun enger Entreprise ewechmaache léisst, ouni esou eng Autorisatioun ze hunn, sinn d’Problemer fir d’Leit an d’Firma virprogramméiert an et riskéiert eng deier Affär ze ginn. Am Fall vun Näschter an Diecher sinn, déi renovéiert solle ginn, oder an Hecken, déi ewechgemaach solle ginn, soll eng Léisung ausserhalb vun der Brutzeit gesicht ginn.

© Stallschmuewel/M. Cordella

Vill Leit waarden all Joer ongedëlleg op hir Schmuewelen, ënnert anerem och, well se als Glécksbrénger gëllen, esou de Patric Lorgé. E weidere Grond ass, datt déi Villercher vill Mécken a Mustike friessen. Wa se da bis do sinn, sinn déi Leit da richteg houfreg. Am anere Fall si si traureg, wann d’Nascht e Joer eidel bleift. Et ginn ëmmer méi Leit, déi sech fir dës Villercher interesséieren an déi sech dann am Haus vun der Natur bei natur&ëmwelt informéieren, mam Zil, fir dësen an aner Villercher, déi un den Haiser bréien, ze hëllefen.

Et konnt bewise ginn, datt jonk Schmuewele sech am Prinzip an engem Ëmkrees vu 5 Kilometer nees do usidelen, wou se op d’Welt komm sinn. Faszinant ass do dernieft, datt si fir de Wanter Dausende Kilometer bis an d’Zentralafrika fléien a praktesch op déi selwecht Plaz zréckkommen.

Back to Top
CIM LOGO