AarteschutzWWF fuerdert bessere Schutz fir Tigeren

RTL Lëtzebuerg
Tigere sinn enger Partie Geforen ausgesat: vun illegalem Handel, Juegd bis hin zu der Zerstéierung vun hire Liewensraim.
© AFP-Archiv

Am Februar fänkt dat chineesescht Joer vum Tiger un. An deem Kontext mécht d’Naturschutzorganisatioun op de Schutz vun dësen Déieren opmierksam. Den Tiger wier weltwäit e Symbol fir den Aarten- an Naturschutz ginn, sot d’Kathrin Samson vu WWF Däitschland. Fir hiert Iwwerliewen an der fräier Natur ze garantéieren, misst een ophale mat der Juegd op si an dem illegalen Aartenhandel. Donieft missten hir Liewensraim erhale ginn, fuerdert WWF.

2016 gouf d’Bevëlkerung op ronn 3.900 geschat. Wéi vill där Déieren et aktuell ginn, ass nach net gewosst. Vill Länner ziele grad hire Bestand. Zil ass, datt d’Zuel vun 3.200 Tigeren aus dem Joer 2010 sech verduebelt. Länner wéi Indien, Nepal oder Russland hätten hir Ziler schonn erreecht, betount d’Samson vu WWF.

Back to Top
CIM LOGO