Däitschland, Éisträich an ItalienZesumme Wollefspopulatiounen iwwerwaachen

RTL Lëtzebuerg
Et géing kee Sënn maachen, d'Populatiounen eenzel ze kucken: D'Alpelänner wëllen an Zukunft zesumme Wollefsmonitoring maachen.

En Donneschdeg hu sech d’Vertrieder vun Däitschland, Éisträich an Italien bei engem Treffen zu Innsbruck dorop gëeenegt, d’Wollefspopulatiounen zesummen z’iwwerwaachen. Déi final Decisioun iwwert d’Ofkommes soll bei enger Konferenz vun de Regierungscheffe vun den dräi Länner den 21. Oktober falen.

Haaptpunkt vum Ofkommes ass déi groussraimeg Beschreiwung vun der Alpiner Wollefspopulatioun an domat dem Zoustand vum Erhalt vun der Regioun. Et géing kee Sënn maachen, d’Wollefspopulatiounen an de verschiddene Länner eenzel ze kontrolléieren, well sech de Wollef net u Grenzen hält, soten d’Landwirtschaftsministesch Michaela Kaniber an den Ëmweltminister Thorsten Glauber. Et bräicht dowéinst eng Iwwerwaachung iwwert d’ganz Alpen.

Et géing ëm vill goen, well d’Aartevillfalt an d’Existenz vu Bauerefamilljen um Spill stinn. Grad am Raum vun den Alpen mat “Alpenwirtschaft” an Tourismus wier den Ëmgang mam Wollef e groussen Challenge duerstellen. Donieft wier wichteg, Léisungen ze bréngen, déi iwwert d’Grenzen eraus ginn.

D’Ofkommes gesäit deemno vir, dass d’Methoden fir d’Recherche an d’Déieren ze markéieren an de Laboe vun de verschiddene Länner harmoniséiert ginn. Doduerch solle geneetesch Prouwe vu Wëllef besser ënnerteneen ze vergläiche sinn. Donieft wier et och wichteg an hëllefräich ze wëssen, ob en Déier an engem anere Land schonn nogewise gouf. Heifir sollen d’Donnéeën an d’Genprouwe vun eenzele Wëllef ënnert de Länner ausgetosch ginn.

Back to Top
CIM LOGO