
Nom Brand un Neijoerschdag 2020 setzt den Zoo zu Krefeld weider op d’Haltung vu Gorillaen an Afen. Den éischten Deel vum Aarteschutzzenter Afepark, déi vergréissert Groilla-Anlag, kéint 2022 fäerdeg gestallt sinn. Dat deelt den Zoo e Mëttwoch mat. Beim Brand viru bal zwee Joer si ronn 50 Déieren ëmkomm, dorënner aacht Mënschenafen. An Zukunft sollen d’Afe méi Fläch kréien.
De Buergermeeschter vu Krefeld huet un déi “onbeschreiflech Solidaritéit” no der Brandnuecht erënnert. Den Zoo, d’Administratioun vun der Stad, d’Politik an d’Bierger ware sech séier eens, fir een neit Doheem fir d’Afen ze bauen. E méi modernen an aartgerechten Zenter. Nëmmen de Rot vun der Stad muss nach zoustëmmen.
D’Käschte lafen op 28 Milliounen Euro eraus, vun deenen d’Stad ee groussen Deel iwwerhuele soll. Duerch d’Versécherung, Eegemëttel an Done wëll den Zoo méi wéi zéng Milliounen Euro bäisteieren. Duerch d’Trauer, déi de Brand ausgeléist hat, goufe méi wéi zwou Milliounen Euro gespent.
No an no soll den Afepark gebaut ginn. Virop soll bis 2022 den baussechten Deel vun der Gorilla-Anlag erweidert ginn, fir datt déi sechs Mann staark Grupp sech vergréissere kann. Bis 2023 kéint e Mënschenafenhaus entstoen, an deem déi nei Grupp ëm déi Iwwerliewend vum Brand, d’Afe Bally a Limbo, ënnerkënnt. Donieft soll hei eng “Jonggesellegrupp” vu Gorillae gehale ginn.
Bis 2026 soll eng Anlag fir Orang-Utane gebaut ginn. Fënnef Orang-Utane ware beim Feier gestuerwen. En Haus mat engem oppene Park fir d’Schimpanse soll da bis 2029 fäerdeg sinn.