Gouf d'Mila geklaut?Zoo zu Kaiserslautern vermësst Albino-Känguru-Bëbee

RTL Lëtzebuerg
D'Mila, e jonken Albino-Känguru, ass zanter e Mëttwoch de Moie verschwonnen. Et fäert een, dass d'Déier geklaut gouf.
© AFP

Dëse Känguru-Bëbee war déi lescht Wochen dee grousse Star vum Zoo. E Mëttwoch den Owend gouf awer festgestallt, dass d’Mila net méi a sengem Haische war. Normalerweis ass dat Klengt ni alt ze wäit vu senger Mamm ze fannen. Mat Hëllef vu Jeeër an Hënn huet d’Personal sech op d’Sich nom Känguru gemaach, mä ouni Erfolleg.

Et wier onwarscheinlech, dass d’Mila Affer vun engem Fuuss gi wier, well keng Bluttspuere fonnt goufen. Et géing een dowéinst vun engem Déifstall ausgoen. Et gouf eng Plainte bei der Police gemaach, déi eng Enquête opgemaach hunn an no Zeie sichen.

Back to Top
CIM LOGO