Den Däitsche konnt sech viru sengem Landsmann dem Sebastian Kienle op knapp 4 Minutten duerchsetzen.

Am Triathlon huet de Jan Frodeno bei den Hären den Ironman zu Frankfurt gewonnen. Den Däitschen huet fir déi 1,5 Kilometer Schwammen, 180 Kilometer Vëlofueren an 42 Kilometer Lafen 7 Stonnen a 56 Minutten an 2 Sekonne gebraucht an hat e Virsprong vu knapp 4 Minutten op säi Landsmann Sebastian Kienle. Béid Sportler waren zesummen op d'Lafe gaangen.

Dramatesch war d'Course bei den Dammen. D'Amerikanerin Sarah True huet scho wéi d'Gewënnerin ausgesinn, ma wéinst Kreeslafproblemer huet si 900 Meter virun der Arrivée missen opginn. Hir Landsfra Skye Moench huet sech dunn d'Victoire gekroopt.