
Am nationalen Handball-Championnat huet Rëmeleng um 2. Spilldag mat 21:20 zu Dikrech gewonnen. Et war eng schwaach Partie, déi d'Spectateuren e Samschdeg den Owend zu Dikrech ze gesi kritt hunn. Um Enn ass et awer eng verdéngt Victoire fir Rëmeleng, bei deenen e puer wichteg Spiller gefeelt hunn. Mat 17 Paraden hat de Rëmelenger Golkipp Jérémy Guerder e groussen Undeel un der Victoire. Mam Raphael Kali (9) hat een och de beschte Goalgetter a senge Reien.
An der Paus louchen d'Gäscht mat 12:8 am Avantage. An der Schlussphas war et nach emol enk ginn, ma de Chev, deen zu kengem Ament zu sengem Spill fonnt huet an och net mat der héijer Defense vu Rëmeleng an der Ufanksphas eens ginn ass, konnt d'Partie awer net méi dréinen. Mat iwwer 50 Prozent vun de Schéiss, déi net eragaange sinn, mussen déi Dikrecher sech fir déi nächst Matcher steigeren, wann ee Punkte mathuele wëll.
Déi aner Matcher vum 2. Spilldag bei den Häre war schonn e Mëttwoch gespillt ginn.
Bei den Damme war et dogéint e Samschdeg den Owend de kompletten 2. Spilldag. Diddeleng huet sech mat 31:23 géint Déifferdeng behaapt. An der Paus louch den HBD beim Stand vu 14:13 mat nëmmen engem Gol a Féierung. An den zweeten 30 Minutte konnt ee fir kloer Verhältnisser suergen an de Match souverän gewannen.
Richteg freeë konnte sech déi Diddelengerinnen awer net iwwer d'Victoire. D'Laura Ciufoli huet sech schwéier um Knéi blesséiert. Op Säite vun der Red Boys huet d'Lily Melchior eng Gehirnerschütterung erwëscht.
De Standard an Dikrech hu sech mat engem 24:24 getrennt. An der Paus louchen d'Gäscht mat 13:8 a Féierung. An der zweeter Hallschent konnt Dikrech bis déi lescht Minutt ëmmer eng kleng Avance behaapten an do war et d'Lokalekipp, déi duerch zwee Goler nach de Remis realiséiert huet.
Käerjeng ass beim Museldall senger Favoritteroll gerecht ginn an huet sech mat 33:16 behaapt. An der Paus louch de Gewënner vum Supercup mat 17:9 a Féierung.